Radioen

On air

Notturno  |  Babeheaven - The Hours

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Ännerungen um Patrimoinesgesetz: déi Lénk an LSAP stéiere sech un enger Nobesserung

Chamberkommissioun

Ännerungen um Patrimoinesgesetz: déi Lénk an LSAP stéiere sech un enger Nobesserung

D’Gesetz vun 2022 iwwer de Patrimoine culturel gëtt ewell modifizéiert. Den DP-Kulturminister Eric Thill huet gëschter fir d’éischt der zoustänneger Chamberkommissioun an duerno der Press déi, “just kleng Adaptatioune” presentéiert. D'Gesetz, dat eréischt viru bëssi méi wéi zwee Joer a Kraaft getrueden ass, géif domat net am Fong a Fro gestallt ginn.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Chambre des Deputés

Un enger vun den zwou Nobesserungen hu sech Oppositiounsdeputéiert awer gestouss. Déi, bei där de Staat vum 1. Januar un all d'Käschte vu preventiven archeologesche Fouillen iwwerhuele soll. 

déi Lénk an LSAP: Verstoppte Kaddo un d'Promoteuren

Dat wieren 3,5 Milliounen Euro d'Joer, betount de Marc Baum vun déi Lénk. 

"E knappst Joer drop huet déi nei Koalitioun schonn decidéiert, dat ze änneren, en faveur vun de Promoteuren.“

Fir de Marc Baum wier dat e Kaddo aus der d'Staatskeess un d'Promoteuren.

Och de Franz Fayot vun der LSAP huet vun engem verstoppte Kaddo fir de Bausecteur geschwat. Virun 10 Joer hätten déi Käschten nach ganz vum Privatsecteur solle gedroe ginn, fir d’Staatskeess ze entlaaschten; elo géif een an déi aner Richtung goen.

“Dat hei ass eppes, wat nach dobäikënnt bei all déi aner Mesuren, déi fir de Bausecteur geholl gi sinn. Do si se sech trei, wéi gesot, fir alles ze maache fir de Bausecteur.”

Eric Thill: Net ee géint deen aneren ausspillen

Dee Virworf wollt de Kulturminister Eric Thill net esou stoe loossen. Zu Lëtzebuerg wier net jiddweree Promoteur. Et géif och Privatleit, Gemengen an ëffentlech Träger ginn. Et wéilt een do net ee géint deen aneren ausspillen.

Donieft, esou de Minister, ginn objektiv Krittäre fir d'Klasséiere vu Kulturgidder als nationale Patrimoine ageféiert. Op de 27. August waren iwwregens 2.369 Gebaier oder Objeten hei am Land geschützt: Dovu sinn 1.268 als nationale Kulturpatrimoine klasséiert gewiescht.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Politik a Gesellschaft