Radioen

On air

Mëttesrascht  |  The Verve - Lucky Man

play_arrow Live
search

/ 8 Joer nom Attentat zu Nice: Appellprozess géint zwee Komplize fänkt un

Frankräich

8 Joer nom Attentat zu Nice: Appellprozess géint zwee Komplize fänkt un

Bal 8 Joer nom Attentat zu Nice mat 86 Doudege fänkt um Méindegmoien zu Paräis den Appellprozess géint zwee presuméiert Komplize vum Täter un. Déi zwee Männer waren am Dezember 2022 zu jeeweils 18 Joer Prisong verurteelt ginn. Si sollen den Attentäter moralesch a materiell ënnerstëtzt hunn.

auto_stories

1 min

Den Tunesier Mohamed Lahouaiej Bouhlel war um franséischen Nationalfeierdag 2016 zu mat engem Camion duerch d‘Leit op der Promenade des Anglais gerannt. Hie war duerno vun der Police erschoss ginn.