Ronn 47 Milliounen Euro si fir VEFA-Projete virgesinn, mee et feelt un enger klorer Strategie, wat laangfristeg mat den opkaaften Immobilie geschéie soll, sou de François Benoy vun déi Gréng.
"Geet konsequent alles duerno an d'Locatioun, oder gëtt och emol eppes vu Stater Projeten, déi mir hei akafen, verkaf? Do war op eemol d'Äntwert net méi kloer, mee mir hunn och alleguerten déi Projete matgedroen, well et fir eis eigentlech kloer war, datt massiv hei all déi Saachen duerno an d'Locatioun ginn."
"De Service minimum"
Den David Wagner vun déi Lénk huet dës Kritik gestäipt a betount, datt de Fokus méi op abordabele Locatiounswunnenge misst leien.
"Wat d'sozial Wunnengen ugeet, léiwe Schäfferot, fir et mam Larry David ze soen, ‚curb your enthusiasm‘. Dir maacht awer e bëssen de Service minimum, och wann aner Gemenge genau dat selwecht maachen."
D‘Stad misst u sech méi maachen, fënnt den David Wagner. Et wier fir hien iwwerdeems interessant ze gesinn, ob d‘Stad eng Strategie am Logement hätt. Hie géif keng gesinn.
Eng Crèche pro Quartier
D'Maxime Miltgen vun der LSAP huet doriwwer eraus de Manktem u genuch Crèchen ervirgehuewen a gefuerdert, datt eng ëffentlech Crèche pro Quartier e Minimum misst sinn. D'ADR huet ee gesteigerten nationale Wuesstem an der Stad problematiséiert a verlaangt, datt d'Stad eng méi qualitativ Politik soll maachen. Et kéint een de Problem vum Wuesstem net mat méi Wuesstem léisen, seet dozou den Tom Weidig.
D'Stad gesäit sech als Innovatiounsleader
D'Majoritéit betount dogéint hir Prioritéiten am Beräich Smart City an Digitaliséierung. Mat Projeten, wéi der Moderniséierung vum ëffentlechen Transport an neien Initiativen am Beräich vun der Mobilitéit, gesäit d'Stad sech als Innovatiounsleader. D'LSAP begréisst dës Initiativen, kritiséiert awer, datt eng kloer Strategie géif feelen. De Budget gëtt e Méindeg um Knuedler ofgestëmmt.