Radioen

On air

Grousse Kino  |  Grousse Kino - D'Liewen ass net ëmmer en Danz

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Kiischten a Waasser, Energie am Iessen, de Roger Quaino an d'Operett "Gräfin Mariza"

Kiischten a Waasser, Energie am Iessen, de Roger Quaino an d'Operett "Gräfin Mariza"

Kiischten a Waasser, Energie am Iessen, de Roger Quaino an d'Operett "Gräfin Mariza"

Kiischten a Waasser?

Den Ament fënnt ee jo an se Butteker nees Kiischten. An eisem Gudde Rot vun haut huet de Jean Claude Majerus sech dowéinst un e Sproch erënnert, dee e säi ganzt Liewe laang vun de Grousselteren, den Elteren a sëllegen Tattaen a Monni'en kritt huet an zwar: "Wann s de Kiischte giess hues, dann dierfs de dono kee Waasser drénken, soss platzt der de Bauch" Ma wéi ass dat dann elo  mam Kiischten iessen a Waasser drénken, stëmmt et oder ass et just eng Seechen. De Jean Claude Majerus huet sech informéiert.

Lauschtert hei

D 'Energie am Iessen besser geréieren

D' gesond Iessen ass d'Basis fir ofzehuelen a säin Gesondheetszoustand ze verbesseren.  Mee ganz ouni Kalorienzielen geet et net . Datt och gesond Liewesmëttel kënnen déck maachen gesinn mer haut. Dir  léiert haut Notiounen wéi  Energiedicht an Portiounen besser kennen. fir äert Iessen méi bewosst ze geréieren.

Lauschtert hei

Erlieft a Verzielt: Roger Quaino, Equilibrist (1927-2018)

An de 50er a 60er Jore war den Numm vum Equilibrist Roger Quaino (1927-2018) op den Affichë vun de bekanntste Variétéheiser an Zirkussen a ganz Europa ze liesen, wéi ë. a. an de Stied Berlin, Genève, Kopenhagen, London, Paräis, Roum, fir nëmmen dës ze nennen. Mat senger Fra Gisèle, déi him assistéiert huet, stoung de Roger Quaino zesumme mat de gréisste Staren aus dem internationale Showgeschäft vun deemools op der Bün. Grousse Succès hate si 1959 wärend siwe Méint op enger Tournée duerch Australien an de Groussstied Adelaide, Sidney, Melbourne.

Op enger eegener Konstruktioun vun néng Meter héich hat sech den Equilibrist Roger Quaino ë. a. mat enger Hand an d'Wo bruecht an dat op dräi Réng, déi op enger Glaskugel stoungen. Esou huet d'Weltpress de Lëtzebuerger Starartist beschriwwen: "Quaino, the balancing Star", "Roger Quaino scheint die Gesetze der Schwerkraft aufgehoben zu haben", "Un phénomène de la balance". De Roger Quaino verzielt, wéi hie vum Cyclist zum Equilibrist gouf, a wéi hie säin Dram vum Beruffsartist realiséiere konnt. Beim Gespréich mat derbäi ass seng Fra a fréier Assistentin op der Bün, d'Gisèle. Eng Emissioun vum Carlo Link aus dem Joer 2004.

Lauschtert hei

D'Operett "Gräfin Mariza"

Net just de Johann Strauss Fils oder de Franz von Suppé waren zu Wien Operettespezialisten. Den Emmerich Kalman hat no deene Komponisten och zu Wien vill Erfolleg, wéi zum Beispill mat der Operett "Gräfin Mariza". De Manuel Ribeiro mat Detailer.

Lauschtert hei