Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Toro Y Moi - Still Sound

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer de Léiermodell vun de "4K" an den Entrepreneursgeescht am Schoulwiesen

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer de Léiermodell vun de "4K" an den Entrepreneursgeescht am Schoulwiesen

E Webinar, zesumme mam SCRIPT, iwwer de Léiermodell vun de "4K" an den Entrepreneursgeescht am Schoulwiesen

Enn September war den 2. nationale Sustainable Entrepreneurial School-Dag, Mëtt November den 1. nationalen Hackathon vun der Educatioun ënnert dem Motto "Le futur de l'éducation", zanter der Rentrée funktionéiert d'Sektioun N Entreprenariat am ECG, an eng 17 Lycéeën hunn sech Stand haut fir de Label vun enger Sustainable Entrepreneurial School (SES) qualifizéiert. Dass de Geescht vum Entreprenariat an de Schoulen zu Lëtzebuerg floréiert weist de Succès vun de Mini-Entreprisen, a vun enger Rei weideren Aktivitéiten, déi de Léiermodell vun de 4K an der Educatioun fërderen.

4K steet fir Kommunikatioun, Kollaboratioun, Kreativitéit a kritescht Denken. Dëse Léiermodell gëtt vu Bildungsfuerscher als onëmgänglech gesinn, fir Schülerinnen a Schüler haut méiglechst gutt, op déi nach onbekannte Welt vu muer virzebereeden.

Dat aktiivt Fërdere vun dëse Kompetenze weist sech hautdesdaags an der Educatioun ënner anerem an de Coursen a Projete ronderëm den Entrepreneurship. Dobäi sollt een de Begrëff "Entrepreneurship" an dësem schoulesche Kontext lassgeléist vun der reng wirtschaftlecher Iddi an dem Terme verstoen, mee villméi als pedagogesch-didaktesche Kader, an deem d'4K-Kompetenzen aktiv ugewannt kënne ginn. D'Aféieren an Ausbaue vu Methoden, déi den entrepreneuriale Gedanke stäerken, leien am Zäitgeescht vun de bildungstheoreteschen Entwécklungen.

 

Fir iwwer dëse Léiermodell, den Entrepreneursgeescht an der Educatioun an iwwer d'Méiglëchkeeten dovun ze schwätze sinn am Studio fir dëse Webinaire:

Fabienne Kieffer
Responsabel fir d'Sustainable Entrepreneurial Schools um SCRIPT

Stéphanie Damgé
Direktrice vun de Jonk Entrepreneure Lëtzebuerg (JEL)

Joseph Britz
Direkter vun der École de Commerce et de Gestion (ECG)

John Klemmer
Coordinateur vun de Sustainable Entrepreneurial Schools am Atert Lycée Réiden (ALR)


Donieft ginn et verschidden Erfarunge vu Schülerinnen a Schüler, Professeren a Leit, déi den Entrepreneurship an d'Schoule bréngen. Nolauschterer kënne wärend dem Webinaire Froen op d'Mail fro@webinar.lu schécken, oder iwwer d'Whatsapp-Nummer 621 44 00 44.

De Webinaire kann och per Livestream op der Websäit vu radio 100,7 (www.100komma7.lu) gekuckt ginn, no der Live-Ausstralung ass d'Emissioun och am Radiosarchiv ze fannen.