Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  Great Mountain Fire - Look Up

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ En Abléck an déi éischt national Schoulfoire

En Abléck an déi éischt national Schoulfoire

En Abléck an déi éischt national Schoulfoire

E puer Deeg virun der éischter nationaler Schoulfoire, déi vum 2. bis de 4. Mee an der LUXEPO stattfënnt, steet beim nächste Webinar vu SCRIPT a radio 100,7 d'Orientatioun an der Educatioun am Mëttelpunkt.

Den 28. Abrëll vu 14.30 bis 16.00 spanen eng Experte an dräi Experten am Studio e grousse Bou vun der Schoulorientatioun an der Grondschoul, am Secondaire an an der Beruffsausbildung. D'Emissioun bitt ausserdeem d'Geleeënheet fir gewuer ze ginn, wat d'Offer op der Schoulfoire wäert sinn.

Zousätzlech sinn an der Emissioun Analysen vun enger Rei Expertinnen an Experten zu verschiddene Facette vum Thema ze héieren.   

Invitéen hei am Studio sinn: 

  • Luc Weis, Direkter vum SCRIPT, Service de coordination de la recherche et de l'innovation pédagogiques et technologiques; de SCRIPT ass ee vun den dräi Organisateure vun der Schoulfoire.  
  • Véronique Schaber, Directrice vun der Formation professionelle am Educatiounsministère a fréier Direktesch vum Lycée des Arts et Métiers, e weideren Organisateur.  
  • Gil Belling, Präsident Worldskills Luxembourg, an techneschen Delegéierte fir Lëtzebuerg bei nationalen an internationale Beruffsconcoursen an drëtten Organisateur vun der Schoulfoire.  
  • Romain Nehs, chef de service de l'enseignement secondaire am MEN.

De Livestream vun der Emissioun kënnt Dir iwwer eis Website www.100komma7.lu kucken

D'Nolauschterer:innen hunn d'Méiglechkeet am Virfeld, an och wärend dem Webinar, hier Froen iwwert Email (fro@webinar.lu) oder WhatsApp (621440044) eranzereechen.

D'Participatioun vun Enseignante um Webinar gëtt vum IFEN als Formatioun unerkannt. Méi Informatiounen: www.ifen.lu