
Festival Rainy Days
Dëse Freideg, 29. November, ass am Kader vum Festival Rainy Days ee Concert an der Philharmonie ënnert dem Motto "Le Maximum du minimal". De Perkussionist Christoph Sietzen spillt zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg d'Uropféierung vun engem Concerto vum Georg Friedrich Haas.