26.4. Riicht eraus: Eng aussergewéinlech Situatioun

Riicht eraus: Eng aussergewéinlech Situatioun

Manner Aarbecht, kee Stau, méi Zäit fir eis selwer - an am Hannergrond päifen d'Villercher: Virun e puer Wochen hätt dat vläicht nach wéi eng Utopie geklongen, déi souwisou net ëmzesetzen wier. Elo ass et eisen Alldag.

Wat kënne mer aus dëser aussergewéinlecher Situatioun léieren? A kann een domat rechnen, datt eist Liewe sech op laang Siicht verännert?

Dat freet de Rick Mertens dëse Sonndeg den dätsche Soziolog Hartmut Rosa, dee sech a senger Fuerschung kritesch domat auserneesetzt, datt eist Liewen ëmmer méi séier gëtt.

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen