25.5. Generatiounen
WG oder Altersheem?
De Choix vum Wunnen am Alter.
Och hei am Land ginn et Wunngemeinschaften net nëmme fir Studenten, mee och fir Senioren, woubäi déi nach net esou populär zu Lëtzebuerg sinn. Och am RBS Center fir Altersfroe kommen Demandë vu Leit eran, déi sech fir esou eng Méiglechkeet interesséieren, wann et ëm d'Fro geet, wunnen am Alter.
Don Piano
Den Don Piano, dëst ass een neien Projet vum Museker John Wolter. Et ass eng Crazy Quarantine Session a se ass net klassesch, mee wärt een eeleren esou ewei een jonken Publikum kennen iwwerzeegen.
Net ouni Vitaminnen
Wann et engem u Vitaminne feelt, kann dat zu schwéiere Krankheete féieren. An Industrienatiounen, an deene mer generell gutt mat Iesse versuergt sinn, kënnt et och haut nach zu inadequate Versuergunge mat Vitaminnen. De Kierper mat genuch Vitaminnen ze versuergen ass allerdéngs eng ganz wichteg Viraussetzung fir eng gutt Funktioun vun all eisen Organer a vum Immunsystem ze assuréieren.
De Filmkritiker Joy Hoffmann
Am Oktober 1993 war de Lëtzebuerger Filmkritiker a Filmproduzent, Joy Hoffmann, beim Jean Portante am Studio an der Emissioun Visittekaart. Rieds goung deemools iwwer Kino a a Filmproduktiounen an Europa awer och, wéi een en Iwwerbléck bei der grousser weltwäiter Offer vu Produktioune ka behalen. Kann een dat iwwerhaapt?
De Musical: A Little Night Music
De Stephen Sondheim ass e bekannten US-amerikanesche Komponist an Auteur. Bekannt gouf hien nieft dem Bernstein senger Musek fir d'"West Side Story" als Auteur vum Musical.
Deen aller bekanntsten Titel vum Stephen Sondheim ass de "Send in the Clowns". Mee vu wou kënnt deen hier?