25.06. De radio 100,7 live vum Siren's Call

radio100,7_SirensCall_MainVisual.jpg

De radio 100,7 geet wärend der Festivalsaison dëst Joer an déi nächst Ronn! Och bei der Editioun 2022 vum Siren's Call Festival si mir natierlech nees op der Plaz an hu fir d'Nolauschter:innen, an och d'Festival-Visiteuren e flotte Programm op d'Bee gestallt. Wat mir Iech bidden:

15h-16h

Public Service Soundsystem


15h-17h

Workshop Radiojournalismus

Loscht Radio ze probéieren? De radio 100,7 organiséiert um Siren's Call ee Workshop fir Jonker tëschent 10 a 14 Joer. Du léiers, wéi ee mam Mikro ëmgeet, hëls kuerz Interviewen op a montéiers ee fäerdege Bäitrag. Mell dech bis haut, e Freideg 24.06. fir matzemaache beim ckleer@100komma7.lu un, oder komm einfach den Dag selwer bei eise Stand.

16h-18h

radio 100,7 live vum Siren's Call

Gespréicher mat de Bands
 

18h-19h

Trendscheif live

Kritesch Meenungen zu neier Popmusek
 

19h-22h

Public Service Soundsystem

DJ-Set vum Mike Tock & Yves Stephany

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen