Radioen

On air

De Moien  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Rendez-vous ass dëse Sonndeg, de ganzen Dag um radio 100,7.

Rendez-vous ass dëse Sonndeg, de ganzen Dag um radio 100,7.

Rendez-vous ass dëse Sonndeg, de ganzen Dag um radio 100,7.

Concerten ouni Public, wéi se elo iwwer dräi Méint gelaf sinn, si keen Ersatz fir de soziale Kontakt tëschent Museker a Public, awer och tëschent de Museker selwer.


De radio 100,7 huet an deenen dräi Méint, wéi och soss, d'Roll vum Vermëttler iwwerholl, Lëtzebuerger Museker an Ensembelen a Kontakt mat hirem Public gehalen. A mir maachen dat och mat eise Partner fir d'Fête de la Musique, déi 2020 eng aussergewéinlech wäert sinn.

Aus dem groussen, wann och eidele Sall vun der Philharmonie proposéiere mir Iech e Concert mam Quatuor Henri Pensis - Museker vum Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (um 11:00 Auer) a mat zwee Ensembele vun der Militärmusek (um 13:00 Auer).

Dertëschent gräife mir den Theema vun der sozialer Funktioun vun der Musek an enger Table ronde op (um 12:00 Auer).

Gespréichspartner sinn e Vertrieder vun der Philharmonie; den André Heinen, Member vum Verwaltungsrot vun der UGDA a President vun der Union des Sociétés de Musique de la Ville de Luxembourg; an den Tim Kleren, Militärmuseker, Komponist an Dirigent.
Wéi gewënnt een als Philharmonie nom Confinement de Public erëm? Wéi geet et deene sëllege Museksveräiner, déi deels bis an den Hierscht era keng Aktivitéite wäerten hunn? Wat bedeit de Confinement fir déi sozial Kohesioun vun engem Veräin?

Well d'Fête de la Musique mëttlerweil iwwerall uechter d'Land eng staark regional Verankerung huet, proposéiere mir am Nomëtteg aacht Concerten, an Zesummenaarbecht mat dräi aktive Partner: Diddeleng, Iechternach, an de Gudde Wëllen fir d'Stad Lëtzebuerg. Dobäi ass et wichteg, datt déi breetgefächert musikalesch Palett an de populären a convivialen Esprit vum Fest och zur Geltung kënnt.

Op der Affiche:

14:00 Trio Yano Schwall Kravos (Iechternach)
14:30 Schëppe Siwen (Diddeleng)
15:00 Slumbergaze (Lëtzebuerg)
15:30 Marc Demuth String Project (Iechternach)
16:00 TUYS (Diddeleng)
16:30 De Läbbel mat Nicool, BC One, Skibi (Lëtzebuerg)
17:00 Daniel Balthasar (Iechternach)
17:30 Cali (Diddeleng)

Rendez-vous ass dëse Sonndeg, de ganzen Dag um radio 100,7.