Ardennen Offensiv.png

D'Ardennen-Offensiv viru 75 Joer war mat iwwer 40.000 Doudeger déi bluddegst Schluecht an der Geschicht vu Lëtzebuerg.

Mäin Europa: Grenzgänger

All Dag kommen dem Statec no méi wéi 200.000 Frontalieren op Lëtzebuerg schaffen. De Schengener Accord mécht et Pendeler einfach déi national Grenzen ze iwwerschreiden.

Beethoven Spezial

An der Spezial Emissioun ronderëm de Start an d'Beethoven-Joer 2020, geet de radio 100,7 op d'Spuer vum Komponist.

DRP

Eng Symphonie mat Piano - Esou gëtt dacks dem Johannes Brahms säin zweete Pianosconcerto beschriwwen. De russesche Pianist Nicolai Lugansky spillt dëst Wierk an där nächster Matinée vun der Deutschen Radio Philharmonie Saarbrücken Kaiserslautern, déi de radio 100,7 zesummen mat SR2 KulturRadio e Sonndeg, 15. Dezember 2019, vun 11.00 Auer u live aus der Congresshalle zu Saarbrécken iwwerdréit.

Ludwig van Beethoven

De Ludwig van Beethoven war deen drëtte Ludwig a senger Famill, deen zweete Museker mat deem Numm a bei wäitem de prominentsten. Éiweg krank an dacks onglécklech verléift, war de Beethoven als Mënsch stuer a verbruet, als Komponist rebellesch, onkonventionell a revolutionär.

Suicidegefor am Alter

Persounen iwwer 75 Joer si besonnesch ufälleg fir sech d'Liewen ze huelen. Eng rezent Campagne fir "Suicidepreventioun am Alter" weist, datt Seniore sech dräi bis véier Mol méi dacks suicidéiere wéi Jonker ënner 25 Joer. E puer vun de Grënn si sozial Isolatioun, Solitude oder Depressiounen.

Autoritär.png

Wärend déi gesellschaftlech an ekonomesch Ongläichheeten ëmmer méi massiv ginn, fille sech och ëmmer méi Leit erëm vun herrschsüchtege Populisten an hire gewaltbereeten Astellungen ugezunn.

 

After WIP.png

D'Auteurin Sofia Aouine krut kierzlech de Prix de Flore 2019 fir hiren éischte Roman "Rhapsodie des oubliés" (Editions de la Martinière). Dëst Buch erzielt den Alldag vum Abad, 13 Joer al, deen am Quartier Barbès zu Paräis lieft.

Programm

Net verpassen

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen