Radioen

On air

Kultur um 5  |  Vu Solstice zu Solstice mam Schwäizer Alain Roche

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Aktiv am Kapp, den Hunn op der Bunn, Schneekereien, den Ed Maroldt a Sketcher um Geriicht

Aktiv am Kapp, den Hunn op der Bunn, Schneekereien, den Ed Maroldt a Sketcher um Geriicht

Aktiv am Kapp, den Hunn op der Bunn, Schneekereien, den Ed Maroldt a Sketcher um Geriicht

"Learning in Later Life"

Aktiv am Kapp bleiwen: z. B. als Auditeur libre op der Uni. Als Senior mat jonke Studenten d'Uni-Coursen deelen, dat ass e flotte Projet, deen d'Uni Lëtzebuerg zesumme mam RBS ausgeschafft huet.

Eng 200 Pensionären hu bis elo deelgeholl, deen eelste war iwwer 90 Joer al. Detailer vum Direkter vum RBS Center fir Altersfroen Alain Brever an op http://www.rbs.lu

Lauschtert hei

Den Hunn op der Bunn

De Keelesport war zu Lëtzebuerg zimmlech beléift, och well en an der Wiertschaft gespillt gëtt an zur Gesellegkeet bäidréit. Dat mécht en och nach haut, obwuel an deene leschte Joerzéngte leider ëmmer méi Duerfbistroe mat hire Bunne verschwonne sinn.

Lëtzebuerg gouf 2011 déi drëtte Kéier hannertenee Weltmeeschter! Eemoleg op der Welt, 2017 dunn och nach am Tandem mixte.

Den "Hunn op der Bunn" aus den 1960er Joren ass op jiddwer Fall de Pappi. Den Aly Bintz beséngt d'Konscht vum Keelespill an d'Fäegkeete vum Hunn op senger Keelebunn. Säi "Bomme Schmass", deen d'Keeleraut explodéieren deet, dierften dann och d'Keelebouwen ze spiere kréien, déi jo bis zu der Automatiséierung vum Keelenopbau dernieft souze fir d'Spill erëm opzebauen. D'klassesch Gedrénks beim Keelespill, zumindest am Amateurberäich hei, ass de Mini, den Humpen, de Pättchen an och alt emol d'Drëpp. An dann huet de Pappi och alt emol eng un, op der Bunn. Den Text ass vum sportbegeeschterte Pir Kremer, d'Musek vum Jean-Pierre Kemmer.

Lauschtert hei

Oh jo, si si ganz schneekeg

Baken a Schneekereien huet d'Bomi esou gär oder baakt och selwer gär. E gutt Stéck Taart oder selwer gemaachte Wäffelchen vun der Boma, wéi kann een deem widderstoen.

Muss een och net. Wann et gesondheetlech keng Aschränkunge ginn, ass dat net verbueden. Mee et muss een ebe net iwwerdreiwen, seet d'Dieteticienne Michèle Meyer. Knippercher a Kuch doheem an am Altersheem: d'Theema haut bei Bewosst Gesond a weider Detailer op http://dieteticienne-meyer.lu

Lauschtert hei

Op Besuch: beim Ed Maroldt

Den Claude Mangen war 2004 op Besuch beim Däitschprofesser am LGE, Theaterschauspiller, Regisseur, Theaterauteur, Betreier vum Schülerfernsee Uelzechtkanal.
Laang Zäit war den Ed Maroldt Däitschprofesser am LGE, dem Escher Jongelycée. Nach ëmmer onverbraucht an ze begeeschteren. Op d'mannst zéng Joer laang huet hien den Uelzechtkanal geleet, dee bëssen anere Fernseeprogramm aus dem Minett. Hien huet sech gefreet doriwwer, Mount fir Mount nei Mënschen dowéinst opzesichen. Huet d'Fiedem gezunn, fir datt jonk Leit aus senger Ekipp hir Reportagen an Interviewe mat Zäit fäerdeg kruten an zum richtegen Zäitpunkt ofgeliwwert hunn.

Mat senge Fernseedokumentatiounen iwwer national oder regional Theemen huet de Maroldts Ed am Fong näischt anescht gemaach, wéi zu senger Theaterzäit. Deemools war hie bekannt fir Stécker iwwer Helde wéi Herkul Grün a Charly Gaul, oder "D'Preise sinn do" an "De Barrage". Alles Bünefresken, déi hien net zu lescht dank dem Konschtmoler Ad Deville billerräich inzenéiere konnt. Allebéid hu si domat der Theaterzeen vun de Siwwenzeger an Achtzeger Joren nei Impulser ginn.

Wien haut op Esch an d'Kulturfabrik geet, soll wëssen, datt den Ed Maroldt do 1980 zesumme mat anere jonken engagéierte Kënschtler eng nei Kulturplaz gegrënnt hat. Maroldts Ed vermësst näischt a bedauert näischt! Fir en Enseignant kann et keng gréisser Satisfaktioun ginn, wéi wann hien ee vu senge fréiere Schüler aus dem Jongelycée oder aus dem Conservatoire am Theater an der nationaler Kinoszeen oder an de Medie gesäit déi Iddi virféieren an ëmsetzen, fir déi hie si probéiert hat ze begeeschteren.

Lauschtert hei

Um Geriicht

Sketcher, déi um Geriicht spillen oder an deenen e bëssen de Geck mat der Justiz, de Riichter an den Affekote gemaach gëtt, ware schonn ëmmer ganz beléift an der Lëtzebuerger Sketchgeschicht. An esou e Sketch proposéiere mir Iech dann och haut, am Mëttelpunkt steet de Batty Duuschtert.

Et mierkt een, wéi dës Sketcher opgebaut sinn, well et spiert ee schonn de Respekt virun der Justiz an awer gëtt de Geck gemaach, eng typesch Manéier a ville Lëtzebuerger Sketcher vun där Zäit. Dir héiert den Hary Hagen als Batty Duuschtert, de Marcel Jander als Riichter an de Fernand Wark als Greffier.

Lauschtert hei