17.6. Mäin Europa: Rassismus geet jiddwereen eppes un

17.6. Mäin Europa - Rassismus.png

Weltwäit ginn d'Stëmme vum "Black Lives Matter" Mouvement ëmmer méi haart: Demonstréiert gëtt fir eng Welt ouni Rassismus a méi sozial Gerechtegkeet fir Mënsche mat schwaarzer Hautfaarf.

Zanter 20 Joer sinn an der Europäescher Unioun zwar Legislatiounen en place fir géint Diskriminatioun a Rassismus virzegoen, mee d'Konsequenze vum Kolonialismus an der Sklaverei si bis haut nach ze spieren.
 
Op wéi eng Aart a Weise manifestéiert sech Rassismus an eiser haiteger Gesellschaft? A wat ass gefuerdert, fir dëse Phenomeen un der Wuerzel gepaakt ze kréien?

E Reportage vum Rahel Könen.

Mäin Europa: Mëttwoch, den 17.06. um 9:40 an 13:40 

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen