17.6. Generatiounen

17.6. Generatiounen.png

Dem Tobby säin Hobby

D'Manette (Schumann) beséngt an den 1960er Joren dem "Tobby säin Hobby". En Hobby, deen net ëmmer am Sënn vun de Meedercher ass, wann d'Jongen ze vill vun hiren "Helde" schwäermen. Si kënnen net verstoen, datt een all "sonndes, déi Muskelprotzen esou muss beglotzen".

Gesonge gëtt hei iwwer d'Begeeschterung fir de Vëlossport, sécherlech och duerch den erfollegräiche Charly Gaul Enn den 1950er Joren, iwwer den Tour de France, iwwer Arrivéeën an dat, wat si bei de Männer esou ausléisen. De Jempy Kemmer, dee frou mam amerikaneschen, hei am besonnesche mam mëttelamerikanesche Sound war, begleet mat sengem Orchesterchen d'Manette mat enger beweegter, sprëtzeger Musek. D'Wierder si vum Pir Kremer. Dem Tobby säin Hobby, erausgi vun der Plackefirma Delta.

Lauschtert hei

Energie fir den Dag

Kuelenhydrater si wichteg fir eis Gesondheet, se solle just gutt doséiert sinn. Nuddelen, Räis, Gromperen a Brout sollen op kee Fall ausgelooss ginn an der Ernärung, firwat dat erkläert d'Dieteticienne Michèle Meyer.

Lauschtert hei

Zäitzeien: Astrid Lulling

Eng Fra, déi vill fir d'Fraerechter hei zu Lëtzebuerger gemaach huet, war am Mäerz am Joer 2000 beim Nadine Entringer fir d'Serie Zäitzeien op Besuch. Wéi si fir d'éischte Kéier an d'Chamber gewielt gouf, huet si fir besser Fraerechter gekämpft a sech duerchgesat.

Lauschtert hei

Love Story

1970 gëtt de franséische Komponist Francis Lai weltbekannt duerch seng Musek fir de Film "Love Story". En Drama mat an en Haaptrollen d'Ali MacGraw an de Ryan O'Neal. De Manuel Ribeiro erkläert.

Lauschtert hei

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen