Radioen

On air

De Moien  |  Wild Beasts - Mecca

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Blatlais, Fondatioun EME, zweemol Uebst an dräimol Geméis, de Jean-Pierre Coffe an La Grande-Duchesse de Gérolstein

Blatlais, Fondatioun EME, zweemol Uebst an dräimol Geméis, de Jean-Pierre Coffe an La Grande-Duchesse de Gérolstein

Blatlais, Fondatioun EME, zweemol Uebst an dräimol Geméis, de Jean-Pierre Coffe an La Grande-Duchesse de Gérolstein

Blatlais am Gaart an eng Brennesselsbritt

Mam Rüssel zéien d'Blatlais de Saaft aus de Planzen a se si mat grousse Kolonien am Asaz. Wann d'Blieder sech ufänken ze krauselen, da si meeschtens déi kleng Lais responsabel an esou erkennt ee ganz einfach de Befall. Blatlais kënnen iwwerall opdauchen, dobaussen am Gaart awer och op den Zëmmerplanzen.

Lauchtert hei

Fondatioun EME

Et ass der Fondatioun EME e grousst Uleies, Kultur a besonnesch Musek jiddwerengem zougänglech ze maachen. Och eeler Leit, déi vläicht selwer Musek gemaach hunn an nach ëmmer eng déif Verbindung dozou hunn, hunn e Recht dorop sech weiderhin un der Musek erfreeën ze kënnen. D'Tiffany Saska vun der Fondatioun EME erkläert.

Lauchtert hei

Zweemol Uebst an dräimol Geméis

Fënnef Portiounen Uebst a Geméiss iwwer den Dag verdeelt iessen, dat ass vill, mengt muncher een, mee dat ass et awer net. Vum Stéck Apel bis bei den Äppelkompott, vun der Tomat bis bei eng gutt sauer Kornischong, d'Dieteticienne Michèle Meyer (https://dieteticienne-meyer.lu/) erkläert, wéi esou Portioune kënnen ausgesinn.

Lauchtert hei

Causerie: Jean-Pierre Coffe

De Gilles Van Grasdorff hat am Mee 2002 fir seng Serie Causerie ee ganz interessanten Invité. Bekannt duerch etlech Radio- an Tëleesemissiounen, mee vläicht besser bekannt als Gastronomie-Kritiker a Kach. De Jean-Pierre Coffe huet eis deemools vill iwwer déi franséisch Kichen an d'Mäert verzielt. Wat hie besonnesch gefreet huet, war d'Entwécklung vun de Mäert an de Stied, besonnesch deene vu Metz an Nanzeg.

Lauchtert hei

La Grande-Duchesse de Gérolstein

"La Grande-Duchesse de Gérolstein" vum Offenbach ass eng Satir, an där d'Militär an d'Aristokratie verspott ginn. D'Operett gouf den 12. Abrëll 1867 am Théâtre des Variétés zu Paräis uropgeféiert a kennt haut nach e groussen Erfolleg. Detailer mam Manuel Ribeiro

Lauchtert hei