16.09. Live-Concert aus der Philharmonie

OPL_GIMENO_GRUBINGER.jpg

"Dëst Stéck ass net just als Admiratioun fir e kultivéierten Artist geschriwwen, mee als Duett tëschent eis", sot de Komponist Tan Dun 2012 virun der éischter Opféierung an den USA vu sengem Wierk "The Tears of Nature". Gemengt war de Perkussionist Martin Grubinger, deen d'Wierk zesumme mam Los Angeles Philharmonic Orchestra opgeféiert huet.

Haut den Owend interpretéiert de Solist d'Wierk zesumme mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg (OPL) ënner der Direktioun vu sengem Chefdirigent Gustavo Gimeno. Mir iwwerdroen de Concert live vun 20:00 Auer un.

Um Programm:

Tan Dun: Concerto fir Perkussioun: The Tears of Nature
Richard Strauss: Ein Heldenleben

Martin Grubinger, Perkussioun
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg
Gustavo Gimeno, Direktioun

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen