15.05. Déi wonnerbar VaLibrairie Live aus der Galerie39 zu Diddeleng

Banner.jpg

Am Kader vun der Ausstellung "Ceci n'est pas un roman - ADN & ingrédients d'auteurs" vun der Kënschtlerin Sandrine RONVAUX, déi een vum 24. Abrëll bis den 22. Mee 2022 an der Galerie39 zu Diddeleng besiche kann, gëtt dëse Sonndeg de 15. Mee um 11:00 Auer eng Lecture mat 6 Lëtzebuerger Schrëftsteller:innen organiséiert, déi an der Emissioun Déi wonnerbar VaLibrairie opgezeechent a live iwwerdroe gëtt. D'Invitéen sinn: Romain BUTTI, Gast GROEBER, Tullio FORGIARINI, Claudine MUNO, Nathalie RONVAUX an den Ian DE TOFFOLI. Moderéiert vum Valerija BERDI a Michel DELAGE.

Lauschtert d'Emissioun hei.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

  • Dossier: Cannabis-Legalisatioun

    Nach am Laf vun dësem Joer soll e legale Kader ausgeschafft ginn, fir e staatlech kontrolléierten Ubau vu Cannabis fir medezinesch Zwecker zu Lëtzebuerg méiglech ze maachen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen