Radioen

On air

Notturno  |  Nite Jewel - This Time

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Iwwer 50 ëffentlech-rechtlech Radiosender aus ganz Europa setzen e Zeechen géint de Krich an der Ukrain andeems se dem Beethoven seng 9. Symphonie spillen.

Iwwer 50 ëffentlech-rechtlech Radiosender aus ganz Europa setzen e Zeechen géint de Krich an der Ukrain andeems se dem Beethoven seng 9. Symphonie spillen.

Iwwer 50 ëffentlech-rechtlech Radiosender aus ganz Europa setzen e Zeechen géint de Krich an der Ukrain andeems se dem Beethoven seng 9. Symphonie spillen.

Als Zeechen fir de Fridden an der Ukrain, leeft dëse Sonndeg den 13. Mäerz um 12:10 Auer um radio 100,7 "Ode an die Freude". Zesumme mat iwwer 50 aneren ëffentlech-rechtleche Radiosender vun der European Broadcast Union (EBU) gëtt dem Beethoven seng 9. Symphonie europawäit zu verschiddene Zäitpunkten gespillt - well keen anert Wierk ass méi representativ fir Fridden, Verbonnenheet a Bridderlechkeet. D'Iddi fir dës Aktioun koum vu Radio Romania aus Bukarest - ronn 600 Kilometer Grenz deelt sech Rumänien mat der Ukrain, déi längst vun der europäescher Unioun. Dem Beethoven seng 9. Symphonie gëtt interpretéiert vum Rundfunk-Sinfonieorchester Berlin mat Chouer, ënnert dem Dirigent Vladimir Jurowski.