"Maximal Chancë fir Bildung, minimal Chancë fir de Virus" oder "Gréisstméiglech Sécherheet fir eng gréisstméiglech Normalitéit", esou beschreift den Educatiounsminister Claude Meisch d'Ambitioun vum Covid-19-Dispositif fir d'Schouljoer 2020/2021.
Hält dat Konzept d'Strooss? Ass et ëmzesetzen? Oder gesinn déi Responsabel um Terrain Problemer op si duerkommen? Wa jo: wéi eng?
Dat sinn e puer vun de Froen, déi e Samschdeg - e puer Deeg virun der Rentrée - an der Emissioun Riicht eraus diskutéiert ginn. Am Studio: de Lycées-Direkter Jean-Claude Hemmer, de Marc Bodson, Regionaldirekter am Fondamental, d'Claudine Muller vum Syndikat vum Personal aus de Kompetenzzenteren an den Epidemiolog Joël Mossong.
Moderatioun: Maurice Molitor
Riicht eraus, dëse Samschdeg, 12.9. tëschent 12:00 an 13:00 um radio 100,7.
Lauschtert d'Diskussioun an eiser Mediathéik.