12.7. Riicht eraus mam Psycholog Charles Benoy

10.7. Riicht eraus

An all de villen Diskussiounen iwwer Covid-19 gëtt een Aspekt e wéineg vernoléissegt: den Effekt vum Virus op eis Psych.
 
De Lëtzebuerger Psycholog Charles Benoy, deen zu Basel an den Universitäre Psychiatresche Klinike schafft, huet e Buch erausginn, an deem déi psychesch Konsequenze vum neie Coronavirus aus verschiddene Perspektive beliicht ginn.

Zu wéi enge Conclusiounen hien a seng Kolleege kommen, verréit de Charles Benoy dem Maurice Molitor an der Emissioun Riicht eraus.

Riicht eraus, dëse Sonndeg um 11:00 an 18:00 um radio 100,7.

Lauschtert hei

Programm

  • Vun 10 bis 2

  • On air

    Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

  • Vun 3 bis 6

  • Tockcity

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

  • Drogen a Mënschen

    Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen