Wéi gëtt Musek am beschte vermëttelt? Wéi funktionéiert de Museksunterrecht? A wat bréngt et mat sech, wann den Accès dozou fir Kanner vun der Rentrée 2022 u soll gratis sinn? Dës an aner Froe stinn am Mëttelpunkt vum Webinaire, deen d'Direction générale de l'Enseignement musical vum Educatiounsministère, de SCRIPT a radio 100,7 den 11. Januar 2022 vu 14.30 bis 16.00 proposéieren.
Am Studio sinn:
- D'Micky Thein, Directrice adjointe vun der Museksschoul vun der UGDA.
- De Gilles Lacour, Commissaire à l'enseignement musical vun der Regierung a Chef vun der Direktioun vum Museksunterrecht am Educatiounsministère.
- De Marc Meyers, President vun der nationaler Programmkommissioun vum Enseignement musical an Direkter vum Stater Conservatoire
- De Pascal Sticklies, Responsabel vum Education Departement vun der Philharmonie
An der Emissioun sinn zousätzlech eng ganz Rei vun Expertinnen an Experten ze héieren an och d'Stëmme vu Museksschüler.
Diskutéiert mat a schéckt Är Froen am Zesummenhang mam Museksunterrecht zu Lëtzebuerg elo schonn op fro@webinar.lu oder iwwer WhatsApp op den 621 44 00 44.
De Webinaire "Museksunterrecht zu Lëtzebuerg" vum SCRIPT zesumme mam radio 100,7 - dësen Dënschdeg, 11.1. tëschent 14:30 a 16:00 um radio 100,7 an am Livestream den Dag selwer op eiser Internetsäit.