Den 100,7-Programm um Europadag

Twitter_Template_1

Zanter 2019 ass den Europadag, den 9. Mee, zu Lëtzebuerg ee "richtege Feierdag". Bis ewell als eenzegt d'Land an der Unioun. De radio 100,7 proposéiert sengen Nolauschterer dofir och op deem Dag e spezielle Feierdagprogramm:

09:05-10:00 Mäin Europa Spezial
De Coronavirus kennt keng Grenzen, Europa awer huet d'Grenze wärend der Pandemie nei entdeckt. Wéi en Impakt huet de Virus op d'Grenzkontrollen, op déi fräi Zirkulatioun vu Mënschen a Wueren, op d'Frontalieren am Gesondheetswiesen an op d'Flüchtlingen? 
Um Europadag héiert Dir dozou eng Spezialemissioun vun eiser Serie Mäin Europa. 
 
10:05-12:00 Moies-Concert
Mam Chamber Orchestra of Europe an engem musikaleschen Tour uechter Ungarn geet et musikalesch an den Europadag mat Kompositioune vun Haydn, Liszt, Brahms, Bartok, Golijov a Kodaly

12:10-14:00 Mëttes-Concert
Den Orchestre de chambre du Luxembourg huet an der virleschter Saison eng Concertsserie lancéiert ënner dem Motto Crossing Europe. All Land gëtt an engem Concert thematiséiert, entweder duerch Komponisten aus deem Land oder aus dem Bléckwénkel vun anere Kënschtler. Um Europadag proposéiere mir als Mëttes-Concert eng Selektioun aus deene Live-Matschnëtter.

14:00-16:00 Spektrum Spezial: The Good, The Bad & The Queen 
Live am Atelier

Den 30. Abrëll ass d'Afro Beat Legend Tony Allen gestuerwen. Den nigerianesche Museker gouf bekannt als Drummer vum Fela Kuti. Bis zum Schluss huet hie mat ganz ënnerschiddleche Kënschtler experimentéiert, wéi mam Jeff Mills oder Damon Albarn. Am August d'lescht Joer war de Supergroup The Good, The Bad & The Queen mam Tony Allen un den Drums am Atelier. Erlieft dësen historesche Moment nach emol um Europadag, exklusiv um radio 100,7.

16:00-18:00 Musek ... fir den Europadag 
Dem Ludwig van Beethoven seng 9. Sinfonie ass e Wierk, dat enk mat Europa verbonnen ass. Mee wéi gesäit et do dernieft aus? Ënner wéi engen Aspekter spigelt sech Europa an der Musek? De Jean Claude Majerus an de Luc Boentges gi queesch duerch all Museksgenren op d'Sich no Äntwerten.

Net verpassen

  • 03.10. RadiOdyssee

    RadiOdyssee_Visuell_Sendung_NewSize.jpg

    Erzielkonscht, an där Erzieltraditiounen an där hir Figuren nees lieweg ginn.

Programm

Dossieren

  • Bundestagswal 2021

    Däitschland wielt de Samschdeg, 26. September en neie Bundestag. Wat sinn d'Enjeuen, wie gëtt Kanzler oder Kanzlerin, wéi verleeft d'Wahlkampagne. An eisem Dossier zum Theema Bundestagswal gidd Dir alles gewuer.

  • Olympesch Spiller 2021

    D'Olympesch Spiller fannen, mat engem Joer Verspéidung, tëscht dem 23. Juni bis den 8. August zu Tokyo statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen