Den Abrëll, dee mécht wat e wëll? Do maache mir an eiser Erzielkonschtemissioun RadiOdyssee natierlech mat! Mir streeë Fake News, deelen Urban Legends, konstatéieren, datt Verschwörungstheorië well schonn eng Plaz am Musée hunn a verroden Iech, wat d'Erzielkonscht zum Theema ze bidden huet. Also maacht och Dir mat; fräi nom moderne Managermotto: jiddwereen ass e Storyteller!
Dëse Sonndeg 03.04. um 11:00 Auer, hei op der Antenn oder iwwert eis App!