Retromania
Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen
11 min
Dem Theater, Film, Varieté, also am Fong dem Divertissement, géif hei zu Lëtzebuerg eppes feelen, wann et hien net gi wier: de Fernand Fox
Den Acteur a Sänger huet engem mat senge Lidder, Sketcher a sengem komeschen Talent vill Freed gemaach, hie wosst dernieft awer och a méi eeschte Rollen ze iwwerzeegen.
De Fernand Fox huet vill verschidde Facetten, et erënnert ee sech sécher u seng Assurance-Reklammen zesumme mam Marc Olinger, seng Rollen an den Andy Bausch-Filmer oder méi wäit zeréck u seng Optrëtter am Kasemattentheater zesumme mam Tun Deutsch.
Et ass méi roueg gi ronderëm de Fernand Fox an de leschte Joren, mee nach ëmmer huet een d’Bild vun him virun Aen, wéi hien do steet, natierlech mat der Zigarett am Grapp, an op seng Manéier schmunzelt.
De Fernand Fox ass de 26. Januar 1934 zu Bollendorf Pont gebuer. Mee wann een ufänkt zeréckzedenken, da seet ee sech, am Fong kennen ech de Fernand Fox schonn éiweg laang, net nëmmen aus dem Theater, mee schonn als Kand hunn ech de Fernand Fox sonndes op der Televisioun gesinn, am gudden alen Hei Elei Kuck Elei.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus
Episoden

Nat King Cole: Den "Unforgettable" Artist
E grousse Museker mat enger aussergewéinlecher Stëmm

Joe DiMaggio: Sportlerlegend a Mythos vun der Popkultur
Den 8. Mäerz 1999, viru 25 Joer, ass d’Baseball-Legend am Alter vun 85 Joer gestuerwen. Hien hält zanter iwwer 80 Joer e Rekord.

Yehudi Menuhin: E grousse Museker, Humanist a Philantrop
Nächsten Dënschdeg sinn et genee 25 Joer, datt den Ausnamemuseker an Dirigent am Alter vun 82 Joer zu Berlin gestuerwen ass.

Glenn Miller: De Papp vum Swing
De Museker gouf virun 120 Joer gebuer. Mat 40 Joer koum hie bei engem Fligeraccident iwwer dem Äermelkanal ëm d'Liewen.

Heinz Erhardt: De Meeschter vum Wuertspill
Den Heinz Erhardt ass virun 115 Joer op d'Welt komme an ass den 5 Juni 1979 am Alter vun 70 Joer gestuerwen, ma säin Witz huet awer bis haut iwwerlieft . De Jean Claude Majerus erënnert un dëse groussen däitsche Komiker déi Kéier bei Retromania

Ray Manzarek: de musikalesche Kapp vun "The Doors"
Virun 85 Joer gouf de Ray Manzarek gebuer, an en ass den 20 Mee 2013 gestuerwen. De Jean Claude Majerus erënnert am Retromania un dëse Museker
Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker
Dee charismatesche Sänger, grouss franséisch Vedette, hätt den 1. Februar 2024 85 Joer kritt.
Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen
Den Freideg, 26 Januar dëst Joer war dem Acteur a Sänger säin 90 Anniversaire.
Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikanesche Folksong
Den amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.
Beatles: De Rooftop-Concert 1969
Den 30 Januar 1969 virun 55 Joer hunn d’Beatles um Daach vum Apple Records-Building zu London eng leschte Kéier zesumme gespillt.
Abba: 50 Joer Victoire beim Eurovision Song Contest
Viru 50 Joer huet ABBA den Eurovision Song Contest gewonn an domatt d‘Basis fir hir Weltkarriär geluecht. An dat hätt kéinten 1974 hei zu Lëtzebuerg sinn.

Pierre Brice: De Winnetou war d'Roll vu sengem Liewen
De Winnettou Acteur Pierre Brice hätt de leschten Dënschdeg 95 Joer kritt. En ass awer de 6 Juni 2015 am Alter vu 86 Joer gestuerwen

Claude François: Sänger, Perfektionnist a Choleriker
Dee charismatesche Sänger, grouss franséisch Vedette, hätt den 1. Februar 85 Joer kritt.

Pete Seeger: Eng Ikon vum amerikaneschen Folksong
Deen amerikanesche Folkmuseker a Friddensaktivist ass virun zéng am Alter vu 94 Joer zu New York gestuerwen.

Fernand Fox: Ëmmer mat zwee Féiss um Buedem bliwwen
Den nächste Freideg, 26 Januar, ass dem Den Acteur a Sänger säin 90 Anniversaire.

Aly Bintz: "E léiwe Männchen"
De 15. Januar gëtt un dem Entertainer, Sänger an Acteur Aly Bintz, deen de 15. Januar 1929 gebuer ass, säi 95. Anniversaire geduecht.
