Liewe fir de Veräin
Berto Bargagna
43 min
Keele spillen ass eng vun den eelste Sportaarten, déi et gëtt. Virleefer vum Keelespill goufen et schonn am anticken Ägypten, eng 3.500 Joer viru Christi Gebuert.
Etymologesch Recherchen iwwer d’Wuert Keele ginn dovunner aus, datt éischt Forme vum haitege Keelespillen am fréie Mëttelalter entstane sinn. Bis an d’18. Joerhonnert gouf nëmmen am Fräie gespillt, op Kiermessen oder op groussen Hochzäiten. 13 Grondreegele goufen 1786 vum Berliner Medezinner Johann Georg Krünitz 1786 néiergeschriwwen a gëllen nach haut deelweis.
Wéi steet et ëm d‘Keele spillen zu Lëtzebuerg, souwuel an der Fräizäit wéi och als Sport. Doriwwer huet de President vun der Federatioun all Äntwerten.