Radioen

On air

Notturno  |  Beirut - Hadsel

play_arrow Live
arrow_back_ios

Retromania

100komma7.lu / Retromania

/ Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch

Anne Frank: E remarkabele jonke Mënsch

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Den Numm Anne Frank dierften déi meescht vun eis wuel kennen, en Numm, dee bal zu engem Symbol fir den Iwwerliewenswëlle vum eenzele Mënsch ginn ass.
D’Anne Frank hat schonn als klengt Meedche vun engem Liewen als Schrëftstellerin gedreemt, an um Enn, net fräiwëlleg, gouf et och eng Schrëftstellerin.
D’Anne Frank huet wuel dat bekanntsten Tagebuch aus der ganzer Literaturgeschicht geschriwwen.
D’Gedanke vun deem jonke jiddesche Meedchen hunn d’Welt gerëselt, mee wéi dat rout-wäisst karéiert Buch publizéiert gouf, war d’Anne Frank schonn dout.
Ufanks Mäerz 1945 ass d’Anne Frank, eréischt 15 Joer jonk, am Konzentratiounslager Bergen-Belsen un Typhus gestuerwen, grad emol e puer Woche virun der Liberatioun duerch déi alliéiert Truppen.
Den 12. Juni hätt d’Anne Frank 95 Joer kritt, dofir gëtt dëser Deeg un der Anne Frank hire 95. Anniversaire geduecht, besonnesch wann ee ronderëm kuckt, wat aktuell op der Welt geschitt a wéi Rietspopulisten a Rietsradikaler sech méi a méi profiléieren. Op ville Plazen op der Welt gëtt un dëst remarkabelt jonkt Meedchen zeréckgeduecht.

Kultur
Politik a Gesellschaft
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Romy Schneider: E Liewen tëschent Succès an Tragedie

D'Actrice gouf den 23. September 2023, virun eppes méi wéi 85 Joer, zu Wien gebuer. Si ass awer schonn de 22. Mee 1982 am Alter vu 44 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

2 CV: Eng Liewensphilosopie

Virun eppes méi 75 Joer, am Oktober 1948, gouf um Paräisser Autosalon déi éischt 2 CV presentéiert: e Mythos war gebuer.
headphones

10 min

play_arrow
Diner for One

Diner for One

De Kultsketech op Silvester
headphones

7 min

play_arrow
John Denver: Den engagéierte Country-Sänger

John Denver: Den engagéierte Country-Sänger

Op Sylvester dëst Joer hätt den John Denver 80 Joer kritt. 1997 koum dee 54 Joer ale Sänger, Gittarist, Songwriter an Entertainer bei engem Fligeraccident ëm d’Liewen.
headphones

9 min

play_arrow
Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie

Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie

Virun 10 Joer, de 27. Oktober 2013, ass deen aussergewéinlechen Artist, Rebell a Rock-Junkie Lou Reed zu New York am Alter vun 71 Joer gestuerwen.
headphones

10 min

play_arrow
Hannah Schygulla: Dem Rainer Werner Fassbinder seng Muse | © Wikimedia

Hannah Schygulla: Dem Rainer Werner Fassbinder seng Muse

Déi däitsch Charakteractrice a Fassbinder-Muse Hannah Schygulla krut op Chrëchtdag dëst Joer 80 Joer.
headphones

9 min

play_arrow
Edith Piaf: Eng grousse Sängerin awer en ongléckleche Mënsch

Edith Piaf: Eng grousse Sängerin awer en ongléckleche Mënsch

Den 10. Oktober dëst Joer waren et scho 60 Joer hier, datt d’Edith Piaf, mol keng 48 Joer jonk, gestuerwen ass.
headphones

13 min

play_arrow
Maria Callas: "La Divina Assoluta"

Maria Callas: "La Divina Assoluta"

Déi grouss Sängerin an d'Interpretatiounswonner hätt den 2. Dezember 100 Joer kritt.
headphones

9 min

play_arrow
Roy Orbison: E Sonnebrëll an eng duuss Stëmm

Roy Orbison: E Sonnebrëll an eng duuss Stëmm

Deen amerikanesche Country- a Rocksänger Roy Orbison ass viru 35 Joer gestuerwen.
headphones

8 min

play_arrow
Will Quadflieg: Mam "Faust" Theatergeschicht geschriwwen

Will Quadflieg: Mam "Faust" Theatergeschicht geschriwwen

De Will Quadflieg ass de 27. November 2003, virun 20 Joer also, am Alter vun 89 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow
Randy Newman: De Songwriter mat vill Sarkasmus

Randy Newman: De Songwriter mat vill Sarkasmus

De Randy Newman feiert den 28. November säin 80. Anniversaire, an dofir huet hie ganz sécher en Hommage verdéngt.
headphones

7 min

play_arrow
Jean Marais: E "Monstre sacré" vum franséische Kino

Jean Marais: E "Monstre sacré" vum franséische Kino

Viru ronn 25 Joer, den 8. November 1998, ass de Jean Marais gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow

Ee vun de renomméiertste Comic-Auteure vun 20 Joerhonner

Viru 46 Joer am November 1977 ass de René Goscinny ganz onerwaart zu Paräis am Alter vun nëmmen 51 Joer gestuerwen.
headphones

7 min

play_arrow
Rudolf Augstein: De Papp vum "Spiegel" | © Rudolf Augstein Stiftung

Rudolf Augstein: De Papp vum "Spiegel"

Muer, um 5. November, gëtt un dem Grënner vum däitschen Noriichtemagasin “Der Spiegel” an Editeur Rudolf Augstein säin 100. Gebuertsdag geduecht.
headphones

7 min

play_arrow
D'Jeans-Box: Eng never-ending Story

D'Jeans-Box: Eng never-ending Story

Et sinn ëmmerhi schonn 150 Joer hier, datt de Levi Strauss d'Patent vun der Jeans Box ugemellt huet.
headphones

20 min

play_arrow
Adamo: De Chansonnier mat der spezieller Stëmm

Adamo: De Chansonnier mat der spezieller Stëmm

De Salvatore Adamo, oder einfach nëmmen Adamo, huet gëschter um 1. November 2023 säin 80. Gebuertsdag gefeiert.
headphones

7 min

play_arrow
Barry White: Eng Stëmm mat vill Erotik | © Nationaal Archief

Barry White: Eng Stëmm mat vill Erotik

Deen amerikanesche Soul-Sänger mat sengem duussen an déiwen, eenzegaartege Bass an der Stëmm, ass am Juli 2003 mat nëmmen 58 Joer gestuerwen.
headphones

9 min

play_arrow
Stockholm-Sydrom: E Bankiwwerfall mat Suitten | © Nationaal Archief

Stockholm-Sydrom: E Bankiwwerfall mat Suitten

Et sinn ewell 50 Joer hier, et war am August 1973, datt e Bankiwwerfall mat Geiselnam a Schwede fir Aktualitéit gesuergt huet.
Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie

Lou Reed: De Rebell a Rock-Junkie

Virun 10 Joer, den 27 Oktober 2013 ass den aussergewéinlechen Artist, de Rebell an de Rock-Junkie Lou Reed, zu New York am Alter vun 71 Joer gestuerwen ass.
headphones

10 min

play_arrow
Klaus Barbie: De "Biôucher de Lyon"

Klaus Barbie: De "Biôucher de Lyon"

De 25 Oktober 2023 hätt de Klaus Barbie 110 Joer. De fréiere Gestapo-Chef vu Lyon war fir Dausenden vu Morde responsabel a gouf eréischt 1987 zu Liewenslaangem Prisong verurteelt
headphones

8 min

play_arrow