Geet de Projet an déi richteg Richtung?
An Zäit vun e puer Wochen diskutéiert d’Chamber zweemol iwwert de geplangten Institut fir Zäitgeschicht. Moutarde après dîner? Dat freet sech d'Zäithistorikerin Renée Wagener.
An Zäit vun e puer Wochen diskutéiert d’Chamber zweemol iwwert de geplangten Institut fir Zäitgeschicht. Moutarde après dîner? Dat freet sech d'Zäithistorikerin Renée Wagener.
Betriber besser virun Industriespionage schützen. Dat ass d’Haaptzil vun der Direktiv "Betribsgeheimnis". Am Mäerz kéint se gestëmmt ginn. Kritiker gesinn eng Gefor fir d’Informatiounsfräiheet.
Analys
All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.
Stierwe muss jiddereen eng Kéier. Dat heescht also doudsécheren Ëmsaz fir d'Doudegriewer. Awer d'Branche huet sech den economeschen, ecologeschen a gesellschaftleche Verännerunge missen upassen.
Dem Marc Fischbach goung et a senge ville Funktiounen ëmmer ëm d'Dignitéit. Mam Jay Schiltz schwätzt hien iwwer seng politesch Carrière. Iwwer Héichten an Déiften. An iwwer d'Erfëllung als Ombudsmann.
“Die Geister, die ich rief, werd ich nun nicht los.” Wat de Goethe sengem Zauberlehrling an de Mond geluecht huet, gëllt och fir eise Rapport mat der méiglecher Realisatioun vun artificieller Intelligenz.
Der Molekularbiologin Elisabeth John hiren Engagement fir de "Scienteens Lab" gouf mat engem FNR-Award ausgezeechent. Hir Passiounen: Tomaten-DNA a sech Lächer an de Bauch froe loossen.
Säiten a Säite Rechnungen ausféieren ass eng langweileg an ustrengend Aarbecht - an et huet ee sech séier verrechent. Iwwer Dausende Jore gouf dowéinst probéiert, d'Operatiounen ze vereinfachen an ze automatiséieren.
Am 19. Joerhonnert huet sech eng ganz Pseudowëssenschaft ronderëm eng “bosse du crime” entwéckelt. A ronderëm d'Fro: wéi gesäit de gebuerene Verbriecher aus?
Déi sougenannte Pygmäen an Zentralafrika zeechene sech virun allem duerch hiert Zesummeliewe mam Bësch aus. Hire Liewensraum huet sech awer duerch Agrëffer verännert. Eng Kultur am Wandel.
Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vum Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.
Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen