Meenung
Image amplaz Substanz
Mir rutschen an en Zäitalter, wou den Image triumphéiert an d'Substanz an den Eck gedréckt gëtt. Dat ass vläicht de Präis dee mir bereet sinn ze bezuelen, fir datt eis Gesellschaft sech weiderentwéckelt.
Meenung
Mir rutschen an en Zäitalter, wou den Image triumphéiert an d'Substanz an den Eck gedréckt gëtt. Dat ass vläicht de Präis dee mir bereet sinn ze bezuelen, fir datt eis Gesellschaft sech weiderentwéckelt.
''Virtual Reality'' ass am Trend. Fir de Kino ass déi nei Technologie eng grouss Erausfuerderung. Cineaste mussen ëmdenken. Hei sinn déi wichtegst Ännerungen, déi d'virtuell Realitéit mat sech bréngt.
Enseignanten an der Grondschoul di sech dacks schwéier mat de Naturwëssenschaften. Experten sinn si net, an et kënnt och mol vir, datt Iddië feele fir e spannende Cours. Dat soll elo änneren.
Et muss net ëmmer Héichkultur sinn. Och manner serieux Filmer beaflossen eis Siicht op d'Welt. Wéi a firwat, ass Thema bei "Pop(corn) Culture", engem Projet vun der Uni Lëtzebuerg. Déi plënnert dofir an de Kino.
D'Veterinärin Claudie Reyland huet en alen Dram verwierklecht a war am Ganze sechs Méint a Guinea fir Schimpansen ze betreien. Et wier ee sech net bewosst a wat fir engem Luxus een hei zu Lëtzebuerg géing liewen.
Zwou physikalesch Theorie beschreiwen eis Welt: d' Relativitéitstheorie, fir déi grouss a séier Objeten aus dem Weltraum, an d'Quantephysik – fir Atomer an alles, wat nach méi kleng ass. Mee wat verbënnt déi zwee ?
D’Portugise sinn déi gréissten auslännesch Communautéit zu Lëtzebuerg. Iwwer d'Hannergrënn vun der Migratioun gëtt wéineg geschwat. D’Uni Lëtzebuerg hat eng akademesch Konferenz zum Sujet organiséiert.
Geschichtsschreiwung ouni Archiven ass net denkbar. Historiker brauche Quellen aus der Vergaangenheet. Déi mussen allerdéngs sou komplett wéi méiglech sinn. Dat geplangtent Archivgesetz soll hëllefen.
Den 21. Februar 1916 goung déi fir dat 20. Joerhonnert wichteg Schluecht vu Verdun un. Den Zäithistoriker Denis Scuto erënnert un eng Rei Changementer, déi d'Epochejoer 1916 zu Lëtzebuerg bruecht huet.
De weltbekannten italiéinesche Schrëftsteller, Philosoph a Sproochwëssenschaftler Umberto Eco ass dout. Hien ass e Freideg Owend am Alter vu 84 Joer gestuerwen.
Op Ouschterméindeg proposéiert Iech de radio 100,7 exklusiv e Lauschterstéck vum Claudine Muno fir gutt an de Feierdag eranzekommen.
Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?
Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen