Wëssen

Business Man Stealing Idea, Steal Idea Concept
Betribsgeheimnis

Betriber besser virun Industriespionage schützen. Dat ass d’Haaptzil vun der Direktiv "Betribsgeheimnis". Am Mäerz kéint se gestëmmt ginn. Kritiker gesinn eng Gefor fir d’Informatiounsfräiheet.

Stau zu Bréissel um Ring Analys
Verkéiersproblematik zu Bréissel

All Joer kaschten d’Verkéiersproblemer ronderëm Bréissel déi Belsch Economie iwwer eng hallef Milliard. Léisungsvirschléi ginn et scho laang. Wa se net ëmgesat ginn, riskéiert d'Situatioun ze kippen.

coffin shop
Doudegriewer

Stierwe muss jiddereen eng Kéier. Dat heescht also doudsécheren Ëmsaz fir d'Doudegriewer. Awer d'Branche huet sech den economeschen, ecologeschen a gesellschaftleche Verännerunge missen upassen.

Marc Fischbach.JPG
Marc Fischbach

Dem Marc Fischbach goung et a senge ville Funktiounen ëmmer ëm d'Dignitéit. Mam Jay Schiltz schwätzt hien iwwer seng politesch Carrière. Iwwer Héichten an Déiften. An iwwer d'Erfëllung als Ombudsmann.

cleverbot.jpg
Artificiell Intelligenz

“Die Geister, die ich rief, werd ich nun nicht los.” Wat de Goethe sengem Zauberlehrling an de Mond geluecht huet, gëllt och fir eise Rapport mat der méiglecher Realisatioun vun artificieller Intelligenz.

scienteens lab.jpg
Schülerlabo

Der Molekularbiologin Elisabeth John hiren Engagement fir de "Scienteens Lab" gouf mat engem FNR-Award ausgezeechent. Hir Passiounen: Tomaten-DNA a sech Lächer an de Bauch froe loossen.

computarium.jpg
Geschicht vum Rechnen

Säiten a Säite Rechnungen ausféieren ass eng langweileg an ustrengend Aarbecht - an et huet ee sech séier verrechent. Iwwer Dausende Jore gouf dowéinst probéiert, d'Operatiounen ze vereinfachen an ze automatiséieren.

béis.jpg
Pseudowëssenschaft

Am 19. Joerhonnert huet sech eng ganz Pseudowëssenschaft ronderëm eng “bosse du crime” entwéckelt. A ronderëm d'Fro: wéi gesäit de gebuerene Verbriecher aus?

471B8715.JPG
Aka-Pygmäen

Déi sougenannte Pygmäen an Zentralafrika zeechene sech virun allem duerch hiert Zesummeliewe mam Bësch aus. Hire Liewensraum huet sech awer duerch Agrëffer verännert. Eng Kultur am Wandel.

la-dolce-vita-paparazzi.jpg
Celebrity Culture

D'Staren aus dem Medienzirkus hunn eng nei Konkurrenz. Dat ass d’Selfie-Kultur, déi vun der Selbstinszenéierung iwwert déi nei Medie liewt.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen