Musek

pentaTon.jpg
Interview mat der Flüttistin Aniela Stoffels

pentaTon spillen de Freideg 8. Januar an der Abtei Neimënster. Déi fënnef Museker hu sech zanter hirem éischten Optrëtt 2011 eng zolitt Renommée gemaach.

Greg Lamy.jpg
Nei CD vun de Gittariste Greg Lamy a Paulo Simoes

Elektresch an akustesch Gittaren treffen openeen. Ze héiere sinn nei Arrangementer vu Standarde wéi “Insensatez” vum Carlos Jobim oder “Days of Wine & Roses” vum Henry Mancini, an och eege Stécker.

olivier frank.jpg
Musikalesch Visitekaart: Olivier Frank

Den Direkter vum "Institut Pierre Werner" ass begeeschtert vu klassescher Musek aus der Renaissance, grad ewéi vun elektro-akustescher Musek aus de 1960er.

hagen katsaris.jpg
Klassik-CD: "Cyprien Katsaris presents Katrin Hagen"

D'Katrin Hagen huet eng CD mam renomméierte Pianist Cyprien Katsaris opgeholl. De Manuel Ribeiro huet sech mat der jonker Klarinettistin ënnerhal.

Dave Heumann.jpg
Album vun der Woch

Den Dave Heumann huet seng selwer operluechte Kreativpaus net laang ausgehalen. Mat "Here In The Deep" zerwéiert hie säin éischte Solo-Effort.

surf cowboys.jpg
Neien Album: "Crossroads"

Et ass e Comeback op deen een net onbedéngt agestallt war: No iwwer 20 Joer Paus iwwerraschen d'Surf Cowboys mam neien Album 'Crossroads'.

morgenstern trio.jpg
Morgenstern-Trio

Den Trio, deen deemnächst am CAPE optrëtt, huet sech nom Dichter Christian Morgenstern benannt. De Geiist Stefan Hempel erkläert am 100,7-Interview firwat.

FullSizeRender.jpg
Musikalesch Visitekaart: Patricia Lippert

D'Patricia Lippert huet eng Playlist mat an de Studio bruecht, déi vu franséischer Chanson, iwwer däitschen Humor bis bei de lokale Metal reecht.

Teo Gheorghiu.jpg
Klassik CD-Tipp: "Excursions" vum Teo Gheorghiu

Den 23 Joer ale Teo Gheorghiu schéngt eng romantesch Oder ze hunn, well op en Neits proposéiert hien Pianosliteratur aus dem 19. Jorhonnert.

Alexis Demailly.jpg
Klassik

Traditionell ass op Stiefesdag an der Dekanatskierch zu Esch de Concert vun der Brass Band vum Escher Conservatoire. Invitéiert gëtt an der Regel e prominente Solist aus der klassescher Zeen.

 

Net verpassen

Dossieren

  • Klimakonferenz zu Glasgow

    Déi gréissten Weltklimakonferenz zanter Paräis fënnt tëscht dem 31. Oktober an 12. November zu Glasgow statt. Fir eis op der Plaz ass eise Korrespondent Philip Crowther.

  • Verfassungsreform

    D'Verfassung vun 1868 soll duerch eng nei Verfassung ersat ginn. 2009 gouf dëse Reformprozess formell lancéiert an nach ass d'Aarbecht net ofgeschloss. Et ass nach e Referendum iwwer den neien Text geplangt.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen