Musek

Dirty Projectors
Album vun der Woch

Wann eng Relatioun an d'Bréch geet, dann ass dat am Allgemengen näischt Schéines. Ausser, et kënnt ee wonnerbaren Album dobäi eraus. De siwenten Album vun Dirty Projectors ass dofir ee gutt Beispill.

Tita Nzebi
World

Spannend politesch Protestlidder aus Afrika komme vum Tiken Jah Fakoly a vum Lapiro de Mbanga. D'Tita Nzebi war rezent am 100,7-Studio. An hire Lidder geet et och ëm déi ëmstridde lescht Wahlen am Gabon.

jesca hoop.jpg
Album vun der Woch

An engem marokkanesche Restaurant huet déi US-amerikanesch Folkmusekerin Jesca Hoop "Memories Are Now" opgeholl. Een nawell fantasteschen Album, ouni Iwwerfloss vun Iddien.

Sampha
Sampha Sisay

De Sampha iwwerzeegt mat engem konsistenten éischten Album. 2007 wollt de bekannte Rapper Drake vun him e Beat. Zéng Joer méi spéit iwwerzeegt de Sampha selwer mat engem Album, deen een Drake ni géif fäerdeg bréngen.

Laurent Loschetter
Musikalesch Visittëkaart

De Laurent Loschetter ass als Patron vum "Den Atelier" am Alldag vu Musek ëmginn. D'Programmatioun am Hollerecher Concertssall fierft och op säi private Museksgoût of.

Cory Hanson
Album vun der Woch

"The Unborn Capitalist From Limbo" ass dat éischt eegent Wierk vum Cory Hanson. De Frontmann vun der kalifornescher Garage-Psych-Rockband "Wand" weist sech hei mat méi intimen a rouege Téin.

Fabrice Millischer
Klassik

D'Prestatioun vum franséischen Trombonist Fabrice Millischer huet bei der Concerts-Matinée de leschte Sonndeg vun der Deutsche Radiophilharmonie Kaiserlautern Saarbrécken besonnesch iwwerzeegt.

TWINCL
Akustesche Folk

Ee Monni a seng zwou Niessen, déi zesumme musizéieren: Dat ass TWINCL. Aus sporadeschem Geklimpers huet sech een originellen Trio entwéckelt, deen elo säin Debut-Album presentéiert.

Salminen
International Classical Music Awards

321 Nominatiounen, dorënner dräi Lëtzebuerger Produktiounen. An um Enn 17 Gewënner an eng Rëtsch Spezialpräisser. Dat ass de Cru 2017 vun den International Classical Music Awards. De radio 100,7 ass Member vum Jury.

Gustavo Gimeno
Philharmoneschen Orchester

Den OPL war zu Wien am Konzerthaus fir e Concert - een "intensiven" Optrëtt, seet den Dirigent Gustavo Gimeno. Am Interview beschreift hien d'Entwécklung, déi den Orchester zejoert gemaach huet.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen