Musek

Lea Sobbe
Musek

Déi meescht kennen d'Blockflütt aus der Schoul: Et ass en Instrument op deem een Noute léiert an e puer Melodien astudéiere kann. Datt awer vill méi domadder méiglech ass, weist d'Lea Sobbe.

Gonzales a Cocker Room29
Album vun der Woch

A "Room 29" portraitéieren de Jarvis Cocker an de Chilly Gonzales skurril an hondstraureg Gäscht vum Marmont Hotel zu Los Angeles. Eng musikalesch Kollaboratioun, déi komplett Sënn mécht.

James Mercer - The Shins
Album vun der Woch

"Heartworms" vun The Shins versetzt een zréck an d'Kandheet mat all hire Facetten. Déi etheresch Atmosphär erënnert un d'Zäit virun 2010, der Renaissance vum alternativen Indie Pop.

Eleonore Buening
Musek

D'Musekskritik verléiert am Verglach zur Publicitéit u Bedeitung. Mä ouni Kritik feelt eng onofhängeg Orientéierung, seet d'Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik" Eleonore Büning.

Laura-Marling.jpg
Semper Femina

Dat neit Wierk vun der Laura Marling ass eng gelongen an enigmatesch Produktioun. "Semper Femina" ass en Neo-Folk Konzeptalbum, dee sech un Zeilen aus dem Virgile senger Énéide inspiréiert.

Roger Hamen
Musikalesch Visittekaart

De Roger Hamen huet ganz vill mat Musek a mat der Lëtzebuerger Zeen ze dinn. Dofir weess hien iwwer déi Titelen, déi hien op seng musikalesch Lëscht gesat huet, déi eng oder aner Geschicht z'erzielen.

Xiu Xiu Forget
Forget vu Xiu Xiu

Deen neien Album vu Xiu Xiu vibréiert am Spannungsfeld tëschent Schéinheet a Cacophonie. Den Art Pop Quartett wielt net deen einfache Wee. Awer wie mat trëppelt, gëtt um Enn belount. Versprach.

Metromara
Metromara

Um Urban Jazz-Projet Metromara sinn dräi Muséker aus Lëtzebuerg bedeelegt. D'Band ass de Moment op Tournée. Si erkläre wéi hir Musek entsteet a wat se mat engem Diesel-Moteur ze doen huet.

Gustavo-Gimeno
Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg

De Gustavo Gimeno verlängert säi Kontrakt mam OPL. Hie wéilt déi kënschtleresch Weiderentwécklung vum Orchester intensivéieren, seet den Dirigent. Fir déi nächst Jore sinn néng Diske geplangt.

Gioachino Rossini
Gioachino Rossini

Vum Sänger iwwert de bescht bezuelten Operekomponist aus Europa zu engem passionéierte Kach. Dem Gioachino Rossini säin aussergewéinleche Liewenswee an d'Geschicht hannert senge Wierker.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen