Musek

circuit des yeux
Experimentellen Indie Folk

Hanner "Circuit des Yeux" verstoppt sech déi mysteriéis Sängerin Haley Fohr. Zënter 10 Joer mécht si ongewéinlechen Indie-Folk. Deen neien Album ass méi poséiert wéi hir fréier Aarbechten.

John-Maus.jpg
Elektro-Pop

Den John Maus zelebréiert mat vill Zynismus de Weltënnergank. Dem Amerikaner säi véierte Longplayer ass vill méi wéi en Zitat-Album mat VHS-Nostalgie. "Screen Memories" geet ënner d'Haut a beréiert.

halloween playlist
Halloween

Halloween ass d'Nuecht vun den Doudegen, den Hexen an de Geeschter. Dir braucht eng passend Playlëscht mat klassesche Wierker? Hei sinn déi zéng grujelegst Stécker aus der Museksgeschicht.

King Krule
"The OOZ" vum King Krule

Den Englänner Archy Marshall ass ënnert esou ville Pseudonymme bekannt, wéi seng Musek Facetten huet. Dee wichtegsten Numm dovunner: King Krule. Elo bréngt hien en neien Album mat 19 Tracks eraus.

Beck
Neien Album vum Beck

Mat sengem 13. Studioalbum léisst den US-amerikanesche Museker Beck seng seriö Oder aus dem Spill. "Colors" ass eng sonneg, glënnereg Pop-Plack, déi virun allem eppes mécht: Spaass.

van-morrison.jpg
Zréck zum Blues

Op sengem 37. Studioalbum kënnt de Van Morrison op dee Genre zréck, deen zënter éiweg a sengem Repertoire vertrueden ass: de Blues. "Roll With The Punches" bitt awer och Eegekompositioun.

4579_h.jpg
Amerikanesch Symphonik

De Leonard Slatkin an den Detroit Symphony Orchestra fuere weider mat hirer Integrale vum Aaron Copland sengen Orchesterstécker. Bei Naxos ass elo déi drëtt Symphonie erauskomm.

Album Cover "Three Futures"
Three Futures vun Torres

Eng staark Fra mat enger Gittar, Genderpolitics an eng säfteg Attitüd, déi an hirer Vehemenz am Rockgeschäft vun 2017 hiresgläichen sicht. Genee dat liwwert d'Torres mam Album "Three Futures".

Lezhneva.jpg
Arie vum Carl-Heinrich Graun

12 Arië vum Carl-Heinrich Graun sengt déi russesch Sopranistin Julia Lezneva zesumme mat Concerto Köln op hirem neien Disque, 11 dovunner goufen nach ni opgeholl. Eis CD vun der Woch.

Cristobal and the Sea
Album vun der Woch

"Exitoca" heescht den neien Album vu "Cristobal and the Sea". Eng Formatioun, déi deels zu Lëtzebuerg entstanen ass a mëttlerweil beim renomméierte Label "City Slang" ënner Vertrag ass.

Net verpassen

  • Offre d'emploi: Redakter/Redactrice Web

    radio 100,7

    Den Média de service public 100,7, deen de radio 100,7 bedreift, sicht en/eng neie/nei Redakter/Redactrice fir d'Onlineredaktioun mat engem Aarbechtskontrakt op onbestëmmten Dauer (CDI) fir 40 Stonnen d'Woch.

Programm

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Am November gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen