Musek

Guy Daleiden.jpg
Musikalesch Visitekaart

Den Direkter vum Lëtzebuerger Filmfong Guy Daleiden ass e Fan vu Museker, déi eng Geschicht ze zielen hunn: Hannes Wader, Bob Dylan, Renaud a U2 dauchen a senger Playlëscht op.

bruiteurs.jpg Tipp
Podcast-Tipp

Mat der Industrialiséierung koum de Kaméidi. Déi nei Geräischkuliss huet och d'Musek beaflosst, vum Erik Satie, iwwer d'Beatles bis zu Kraftwerk an den Einstürzende Neubauten.

Lewon.jpg
International Classical Music Awards

De Marc Lewon krut bei den International Classical Music Awards de Präis fir déi beschten CD-Produktioun an der Kategorie "Early Music". Am Interview erkläert hien, wat him un där Musek gefällt.

Rokia Traoré - Paris - 02/2013 © Mathieu Zazzo
Album vun der Woch

Déi aktuell politesch Situatioun am Mali, der Sängerin Rokia Traoré hiirt Heemechtsland, an um afrikanesche Kontinent sinn d'Ausléiser vun engem nodenklechen a rouegen Album: "Né So".

Nilton Martins.JPG
Musikalësch Visitëkaart

De Lëtzebuerger Schauspiller a Fräizäit-DJ Nilton Martins huet labber Danzlidder, Party-Matgröhler, modern franséisch Chanson a Filmmusek matbruecht.

Heemelsdéiercher-5.JPG
Integratioun

De Kanner- a Jugendchouer Heemelsdéiercher vum Lampertsbierg léisst Flüchtlingskanner aus dem Foyer Lily Unden mat sangen. Lidder kenne keng Grenzen, ënnersträichen déi Responsabel.

 

l1005207.jpg
Musek

De Pop- an Jazzmuseker huet dem zäitgenësseschen däitsche Swing ee Gesiicht ginn: dat vum Mann mam Hutt. De leschten Donneschdeg ass hien am Alter vu 45 Joer un engem Hiereschlag gestuerwen.

Tanita Tikaram.jpg
Album vun der Woch

Méi wéi just d'Fra vun engem Hit! Déi britesch Sängerin Tanita Tikaram, déi mat "Twist in my sobriety" bekannt gouf, setzt op Stëmm a Stëmmung mat eegenem Material.

nathan jenkins.jpg
Album vun der Woch

"Loop The Loop" ass ee vun deene spannendsten Albume vun 2016. "Bullion" ass de Pseudonym vum britesche Kënschtler Nathan Jenkins. Hien demonstréiert, wéi facetteräich modern Popmusek ka sinn.

Pit Wagner-2.JPG
Musikalesch Visitëkaart

Dem Kënschtler Pit Wagner no, ass et schwiereg Musek-Genren vuneneen ze trennen. De Bommeleeërprozess, bei deem hien Skizzen gemoolt huet, vermësst hien net wierklech.

Programm

  • Notturno

  • On air

    Vu 6 bis 10

  • Vun 10 bis 2

  • Vun 10 bis 2

  • Resonanzen

Net verpassen

Dossieren

  • CinEast-Festival 2020

    De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.

  • AutorInne-Lies

    D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen