London rifft, d'Welt lauschtert
The Clash kennt een haaptsächlech vun der drëtter Studioplack "London Calling" un. D'Karriärufäng vun The Clash waren onzertrennlech mat der Punkbeweegung verbonnen. An déi hat och eng politesch Dimensioun.
The Clash kennt een haaptsächlech vun der drëtter Studioplack "London Calling" un. D'Karriärufäng vun The Clash waren onzertrennlech mat der Punkbeweegung verbonnen. An déi hat och eng politesch Dimensioun.
An der Bungerefer Millen waren dëse Summer sechs Renconteren tëschent Museker an Demandeurs d'asile. Organiséiert a gefilmt goufen des Renconteren vun der Associatioun "Mir wëllen Iech Ons Heemecht weisen."
De leschte Samschdeg hat de Serge Tonnar op Facebook d'Enn vu Legotrip ugekënnegt. No néng Joer wier et Zäit opzehalen. Eleng optriede wier elo direkt net de Plang, seet de Lëtzebuerger Museker.
Um Programm vu COMA steet e lëftegen Trip duerch d'Landschafte vum Indie-Electro a méi Club-orientéiertem Pop, dee weder ze seicht nach ze kapplaaschteg ass. "Voyage Voyage" ass eisen Album vun der Woch.
An der lukrativer Zäit viru Chrëschtdag 1964 sinn d'Beatles omnipresent - an de Medien, an den Charts an an de Plackebutteker. A maache mat wéineg Eegekompositiounen masseg Recette!
Dem Øyvind Skarbø säi Septett knabbert un Jazz, Country, Krautrock an Afrobeat. Bléiser grooven, eng Pedal Steel jéimert an Uergelen a Synthië suerge fir vill weider Texturen. Um Debut Skarbø Skulekorps geet allerhand hir.
Déi éischt lëtzebuergesch Chrëschtdagssingle fir dëst Joer ass dobäussen, a si kënnt vu When 'Airy met Fairy, dem Lëtzebuergesch-Islänneschen Duo. "Blanket of Sorrow" kléngt erbaulech an traureg zugläich.
"Daba" heescht der marokkanescher Sängerin Oum hiren drëtten Album. Mat eegenem Material weist si sech dobäi als modern muslimesch Interpretin, déi och bei méi heikele Sujete Kloertext schwätzt.
"D'Geheimnis vun eiser Live-Presenz ass d'Diversitéit vun eise musikalesche Goûten", seet de Felix Martin vun Hot Chip. D'Band wier mat enger Indie-Rock Attitüd un d'elektronesch Musek erugaangen.
D'Rockhal huet dës Woch virun der Press hire Bilan vum Joer gezunn. Datt d'Aktivitéite sech steigeren an ausweiden, gehéiert bal zum Gudden Toun - mee am Detail ass een nach Villes méi gewuer ginn.
Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.
Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.
Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen