Musek

Schlofzëmmerbléck Napoleon Gold
Schlofzëmmerbléck

D'Zëmmer 224 vum Napoleon Gold sengem Sunset Motel waart drop, vun Iech entdeckt ze ginn. Eng Commande am Kader vun der 100,7-Aktioun-Schlofzëmmerbléck.

Schlofzëmmerbléck Bartleby Delicate
Schlofzëmmerbléck

De Song vum Bartleby Delicate beliicht de Confinement aus der Siicht vun enger Kaz. Mee am Fong geet et och ëm e verdréitent Verständnis vu Solidaritéit an eng "mauvaise foi" an der Gesellschaft.

Jennah Barry
Jennah Barry

Aacht Joer Congé. Net wierklech. Op "Holiday" verschafft déi kanadesch Musekerin e Manktem u Selbstvertrauen an Einsamkeet a mellt sech souverän mat lëftege Folk-Pop Arrangementer zeréck.

Airy Met Fairy
When 'Airy Met Fairy

"Esprit de corps" gouf ganz eleng konzipéiert a produzéiert. Déi spartanesch Klang-Ästhetik huet sech aus den technesche Limitatiounen eraus erginn a presentéiert den islännesch-lëtzebuergeschen Duo an hirer réier Pracht.

Chouer Gesang
Coronavirus

Beim Sange géif manner Loft beweegt ginn, wéi allgemeng ugeholl gëtt, seet de Prof. Dr. Bernhard Richter. Prouwe wiere mat Sécherheetsmoossname méiglech, virausgesat de gesetzleche Kader erlaabt et.

Schlofzëmmerbléck Sensu
Schlofzëmmerbléck

Déi nächst Contributioun an der Serie Schlofzëmmerbléck kënnt vum Sensu. "Subsol" ass en ambienten, elektroneschen Track, deen op seng eegewëlleg Manéier eng Geschicht vun der Fräiheet erzielt.

Chicano Batman.jpg
Chicano Batman - Invisible People

D'Plack vun Chicano Batman huet vill méi ze bidde wéi nëmme gutt Laun. Eisen Album vun der Woch kënnt aus Südkalifornien a bitt niewent vill Sonn och mat Léift formuléiert Gedankenustéiss.

Claudine Muno Schlofzëmmerbléck
SCHLOFZËMMERBLÉCK

Wann een dobannen eng vulnerabel Persoun wëllt beschützen, wärend dobaussen d'Liewe weidergeet mat Kärcheren an Auto botzen: E Lidd iwwer d'Relativitéit vu Gefor a Misère.

Maddy
Maddy - Cool

Maddy - Cool: Eng Single mat engem funkege Groove an engem iwwerraschende méistëmmege Gittarsintermezzo setzt den Toun. Mir hu mam jonke Museksstudent zu Amsterdam geschwat.

Programm

Praktesch Infoen

Dossieren

  • Coronavirus

    Den neiaartege Coronavirus Sars-CoV-2 breet sech ëmmer méi aus. De Virus léist d'Krankheet COVID-19 aus. Wéi eng Mesurë gi geholl, a wéi een Impakt huet en op Lëtzebuerg?

  • Gratis ëffentlechen Transport

    Den ëffentlechen Transport zu Lëtzebuerg ass vum 29. Februar u gratis. Dat haten d'Majoritéitsparteien Enn 2018 esou decidéiert. An eisem Dossier fannt Dir all eis Artikelen zum Theema.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen