
Olivier Toth
Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net?
Wann den Direkter vun der Rockhal de musikalesche Programm vun der Emissioun zesummestellt, da kann et wuel nëmme rocken! Oder dach net?
Ice In My Eyes hunn en neien Album. D'Museker leeë bei dëser Produktioun Wäert op d'Emotiounen an d'Dynamik vun hire Live-Optrëtter. Fir dat ëmzesetze ware si bis an d'fränkesch Provënz.
De Batteur Pit Dahm presentéiert säin éischten Album als Bandleader. "omicron" ass hallef geschriwwen, hallef improviséiert. Trotz der Fräiheet wär et kee Kaméidi, verséchert de Museker.
45 Joer no Santana III ass de Carlos Santana mat senger ganzer Equippe zeréck. Dem Fred Medernach no, hätt een net 16 nei Lidder gebraucht. Mat manner wier méi gewiescht.
De Philippe Koch, seng Duechter Laurence a säi Fils Jean-Philippe hunn elo hiren éischten CD als Trio eraus bruecht. Bei der Sich no Repertoirë fir zwou Geien an ee Piano hu si Spannendes entdeckt.
Ee vun de gréissten Artisten aus der Pop-Geschicht ass dout. De Prince ass am Alter vu 57 Joer gestuerwen. 2011 war hie fir e Concert zu Lëtzebuerg. Lo gëtt iwwerall op der Welt ëm hie getrauert.
De Maka MC gesäit sech als musikaleschen Aktivist. Op sengem Debut-Album "Dialog" schreift de Lëtzebuerger Rapper sech 17 Lidder vun der Séil. Hien hannerfreet, klot un a léisst et knuppen.
Sun Glitters ass dee bekanntesten Artist, deen zu Lëtzebuerg elektronesch Musek produzéiert. Bei den E-Lodie Sessions huet hien nei Stécker virgestallt. Dorënner "Everyday is a new day". De Video ass lo online.
World meets West: De senegalesesche Museker Baaba Maal schafft mat europäesche Pop-Museker zesummen. Mam neien Album "The Traveller" erreecht hien dowéinst méi e breeden a jonke Publikum.
De 16. Abrëll ass den internationalen Dag vun de Vinylsscheiwen, a vun de Butteker, déi se verkafen. Déi gutt al grouss Scheif huet Succès, trotz neie Formater wéi Streaming. Si erlieft eng Renaissance.
De radio 100,7 offréiert eng Plaz fir en/eng Chef/Cheffin vum Déngscht - Vollzäit oder Deelzäit
Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?
Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen