
De Ben Konen op Besuch zu Washington
De Lëtzebuerger Jazz-Museker Ben Konen lieft zu New York, an huet zu Boston um berühmte Berklee College of Music studéiert. Hie war mat sengem Vibraphon zu Washington an der Ambassade op Besuch.
De Lëtzebuerger Jazz-Museker Ben Konen lieft zu New York, an huet zu Boston um berühmte Berklee College of Music studéiert. Hie war mat sengem Vibraphon zu Washington an der Ambassade op Besuch.
Ee Gespréich mat der Operesängerin Barbara Frittoli, déi op Invitatioun vun der Associatioun "Nei Stëmmen" Meeschtercoursen am ArcA zu Bartréng gëtt.
De Papp vun der symphonescher Uergelmusek. De Papp vun enger neier, selbstbewosster franséischer Musek am 19. Jorhonnert: dem César Franck gi vill Rollen zougeschriwwen. An allem läit e Kär Wourecht.
D’Death-Metal Band “Scarred” wäert Lëtzebuerg am Januar 2016 beim Eurosonic Festival vertrieden. D’Manifestatioun ass ee vun deene wichtegste Rendezvouse fir den europäesche Museks-Marché.
De Gustav Mahler wäert eng wichteg Roll am Gustavo Gimeno senger Aarbecht mam Philharmoneschen Orchester Lëtzebuerg spillen. De geléierte Perkussionist kennt de Grand-Duché scho ganz gutt.
Den Optrëtt an de Rotondë war eng vun deene seelene Gelleënheeten, fir der Sängerin hir akustesch Protest-Lidder ze héieren.
De Lëtzebuergesche Rap-Pionéier live an de Rotonden. Virum Optrëtt erkläert hien, wéi hien dozou koum, an der Mammesprooch ze rappen. A wat Zacki-Zacki-Produktioune sinn.
An der Catherine Lorent hirem groussen Uewe gi ganz verschidde Musek-Stiler wéi Black Metal an Jazz matenee vermëscht. Hiren Optrëtt op Lëtzebuergesch war eng Première fir d'Kënschtlerin.
Och an der Mammesprooch kann ee Mëssverstane ginn. Virun allem vu Leit, déi mengen, si wäre besonnesch gutt Lëtzebuerger. De Serge Tonnar wënscht sech méi Konkurrenz, virun allem bei Liebeslidder.
De radio 100,7 sicht een/eng Kandidat:in fir e journalistescht Volontariat wärend 24 Méint.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen