
Den "TYRON" ass zeréck
Dem Enfant Terrible vum britteschen Hip-Hop seng vulgär awer poetesch Manéier fir ze rappe kënnt net just a UK gutt un. Am Februar huet de brittesche Rapper Slowthai säin neien Album erausbruecht.
Dem Enfant Terrible vum britteschen Hip-Hop seng vulgär awer poetesch Manéier fir ze rappe kënnt net just a UK gutt un. Am Februar huet de brittesche Rapper Slowthai säin neien Album erausbruecht.
De Sample vun der Woch kënnt vum Bernard Wystraete, deen 1969 mat sengem Orchester eng Reprise vun der Grupp Wallace Collection opgeholl: "Daydream". 2001 huet den Danny Dan The Beat Mann d'Lidd fir eng Breakbeat-Kompilatioun opbereet.
Ureg an eege Kläng kommen aus dem Lex sengem meditative Klang-Emporium zu Huelmes: egal ob Flütten aus der ganzer Welt oder traditionell an experimentell Instrumenter mat mageschem Charakter. Den Jamie Reinert war mam Mikro op Besuch.
Den Avantpop-Trio Virginia Wing presentéiert sech op "private LIFE" chaotesch a verspillt. Deen neien Album ass d'Resultat vun enger musikalescher Gruppentherapie a féiert déif eran an d'Séileliewe vun de Bandmemberen.
30 Joer laang duecht den Arthur Verocai, säin Album wier ee Flopp gewiescht. Bis zum Joer 2000: Beatmaker wéi de Madlib an MF Doom hunn den Album zu neiem Liewen erwächt. Eise Sample vun der Woch.
Ofgesote Concerten an Tournéeën an existenziellen Drock hunn zanter Ufank vun der Pandemie hir Spueren hannerlooss. Wéi hu Museker sech nei erfonnt? Et diskutéieren C'est Karma, Cleveland, Rome an d'Catherine Kontz.
Den Neo-Folk Museker Jérôme Reuter gëtt en Abléck a säin neien Album "Parlez-Vous Hate?". Dëse Samschdeg um 17 Auer spillt Rome eng Aircheck-Session. De Concert gëtt um 100,7 aus der Kulturfabrik iwwerdroen.
Am Donkele liichten ass Hoffnung a schwieregen Zäiten. Aus Rave a Psychedelic Pop wiewen Django Django eng faszinéierend Tapéit, déi un een eidelen Dancefloor denken deet.
D'Lidd E.V.A. gouf vum Jean-Jacques Perrey komponéiert. Am Laf vun der Zäit gouf d'Lidd dacks gesampelt, ënner anerem vu Gang Starr, House of Pain, Pusha T, a war och um Soundtrack zu Ocean's 8 ze héieren.
Eng Serie Concerten an der Rockhal, vun haut bis e Samschdeg, soll als Observatiounsgeleeënheet fir d'Behuele vum Covid-19 am Kontext vu Live-Evenementer déngen.
Black Country, New Road ass ouni Zweiwel d'Band vun der Stonn a liwwert elo mat "For The First Time" een impressionanten Debutalbum. D'Musek, déi Post-Punk, Klezmer a Free Jazz fusionéiert, ass konstant onberechenbar.
Mir ënnerhalen eis dës Woch mam Filmregisseur a Grënner vun der Produktiouns-Firma Tarantula.
Zanterdeem et d'Mënschheet gëtt, hunn Droge si begleet. Haut hu vill Drogen e schlechte Ruff. Wisou ass dat esou a wat misst geschéien, fir besser iwwer eventuell Risike beim Konsum opzeklären?
Si oder hatt? Zwee oder zwou? Domat oder domadder? Lëtzebuergesch ass och fir Mammesproochler net ëmmer einfach. Mir ginn der Saach op de Fong.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen