Kultur

Roland Schauls Schlassgoart.jpg
Invité am Moies-Magazin

"Bipolar" ass den Titel vun der Expo vun de Prix-Pierre-Werner-Laureate Roland Schauls a Sandra Lieners an der Galerie Schlassgoart zu Esch. De Roland Schauls war dem Kerstin Thalau säin Invité am Moies-Magazin.

La tête de Lenin
Een Thema, e Buch

Mat senger satirescher Novell "La Tête de Lénine" (Ed. Noir sur Blanc) hat de russeschen Dissident Nicolas Bokov 1970 de sowjetesche Regime op d'Schëpp geholl. Hilarant mee riskant!

Thibaud Schneider
Groussregioun

De jéngste Participant, de 24 Joer jonke Metzer Sculpteur a Moler Thibaud Schneider, ass de Laureat vum Prix d'Art Robert Schuman 2019. D'Aarbechte vun alle 16 Kënschtler sinn am Cercle Cité ze gesinn.

Invitéen am Moies-Magazin
Invitéen am Moies-Magazin

Fir de Prix d'Art Robert Schuman sinn zu Lëtzebuerg d'Aline Bouvy, d'Laura Mannelli, d'Claudia Passeri an den Eric Schumacher nominéiert. D'Kerstin Thalau huet sech mat hinnen ënnerhalen.

Luca Olivier Minaire
Luxembourg Architecture Award

Mam Lëtzebuerger Architektur Präis gi clever a kreativ Léisungen ausgezeechent. Bis den 12. Dezember ginn 173 Projete presentéiert, déi an de leschte Joren uechter d'Land gebaut goufen.

Dandy
B-Radio

Elegant, distant, anti-konformistesch ... Den Dandy huet sech duerch säin Ausgesi vun der Mass ofgehuewen. Virun allem war den Dandyismus eng Liewensphilosophie. Wat ass aus där kultur-historescher Figur ginn?

Frédérique Colling a Claire Thill
Invitéeën am Moies-Magazin

Footnotes - en Deel vun engem Projet vun Independant Little Lies, e Stéck geschriwwe vun der Claire Thill. D'Frédérique Colling steet mat hir op der Bühn. Si waren eis Invitéeën am Studio.

Adults in the room vum Costa Gavras Filmkritik
Costa-Gavras

De Filmveteran Costa-Gavras verfilmt dem fréiere griichesche Finanzminister Varoufakis säi Bericht iwwer deem seng "Verhandlunge" mam Eurogrupp. "Adults in the Room" ass e wichtege politesche Bäitrag.

CAL
Cercle Artistique de Luxembourg

Fir seng zwou Molereien "Unrealism" a seng Skulptur aus Bioplastik "Cloud" ass de Pit Molling vum CAL mam Prix Révélation ausgezeechent ginn. Um CAL stelle 46 Kënschtler aus.

Jochen Schmidt
Invité am Moies-magazin

De Fall vun der Berliner Mauer war och ee Wonner fir säi Liewen: den Ostberliner Schrëftsteller Jochen Schmidt iwwer seng Kandheet an der DDR, seng Virléift fir Géigestänn a Lëtzebuerger Schantercher.

Programm

  • Moies-Magazin

  • On air

    Noriichten

  • Resonanzen

  • Spektrum

  • Ënnerwee

Net verpassen

  • Riicht eraus: Wéi eng Press(ehëllef) fir Lëtzebuerg?

    Riicht eraus

    Am Joer 2020 eng Zeitung erauszebréngen ass net einfach. Déi geschriwwe Press ass wéinst dem Internet an neie Gewunnechte vun de Lieser a Lieserinne mat enger Baisse vun de Verkafszuele a vum Ëmsaz konfrontéiert.

Dossieren

  • Mäin Europa

    Europa ass e feste Bestanddeel am Alldag vu senge Bierger. Mee mécht sech d'EU am deegleche Liewe vun den Europäer bemierkbar? Wat bréngt d'Europäesch Unioun hire Bierger? Mir weise konkret Beispiller.

  • Google-Datenzenter

    Google wëllt op Lëtzebuerg kommen: op engem Feld zu Biisse wëllt déi amerikanesch Internetentreprise en Datenzenter bauen. Kritik gëtt et ënner anerem um méigleche Waasser- a Stroumverbrauch.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen