Kultur

header-2-1024x427.jpg
Ausstellung

Mir liewen zu Lëtzebuerg an enger Demokratie, an dat ass gutt esou. Mee wat huet Demokratie eigentlech mat eis ze dinn? An der Abtei Neimënster kann een elo an engem Demokratie-Labo Äntwerten op dës Fro fannen.

Bicher
Literaturpräis

De Servais-Präis wierdegt all Joer e literarescht Wierk, dat zu Lëtzebuerg entstanen ass. D'Jury huet elo déi fënnef Favoritte fir dee mat 6.000 dotéierte Literaturpräis verëffentlecht.

De Bertrand Tavernier um Festival "Etonnants voyageurs" zu Saint-Malo
Kino

De Bertrand Tavernier, e "grand monsieur" vum franséische Kino, ass dout. De Cineast ass am Alter vun 79 Joer gestuerwen an hannerléisst eng diversifizéiert Filmographie, déi vun historesche Filmer bis Krimien geet.

Olga Kurylenko Filmkritik
Netflix

Am franséische Vigilante-Film "Sentinelle" däerf sech eng traumatiséiert Zaldotin um Vergewalteger vun hirer Schwëster rächen - nieft anere "Kollateralschied"... Grad esou brutal ewéi iwwerflësseg.

Gliddeg aus der Pan - KUK a radio 100,7
Nei Sendung

Zwee Gäscht aus Konscht a Kultur begéine sech, ouni am Viraus ze wëssen, wie si an der Emissioun viru sech sëtzen hunn. An der Regie sëtzt de Kënschtler Serge Tonnar. An Zesummenaarbecht mam KUK.

Ronvaux Chesterfield du cinquième.JPG
Literatur

Der Nathalie Ronvaux hire Roman "Le Chesterfield du cinquième" geet ëm Léift a Frëndschaft, déi keng zäitlech Limitte kennen. Cleveren Exercice de style, vläicht e bëssen ze theoretesch.

Site vum fréiere Walzwierk zu Diddeleng
Industriekultur

DKollektiv hat dëse Weekend DKollage um Site vum fréiere Walzwierk vun Diddeleng. An enger Serie vu participative Chantiere kann all Interesséierte mat Hand upake fir den Atelier D zu engem Tiers-Lieux ze verwandelen an de Quartier mat Liewen ze fëllen.

Mario Klingemann.png
Digital Konscht

Datt ee mat Algorithmusse ka Biller produzéieren, dat beweist den däitschen Artist Mario Klingemann. Seng Exploratioune stellen allerdéngs och Begrëffer wéi Kreativitéit a Schéinheet a Fro.

Frontalier
Theaterkritik

"Frontalier" heescht d'Theaterstéck vum Jean Portante, dat de Frank Hoffmann inzenéiert huet. Op der Bün de franséische Schauspiller Jacques Bonnaffé. D'Valerija Berdi war op der Première am TNL.

Programm

Net verpassen

  • 17.4. Riicht eraus: Claude Mangen

    Claude Mangen

    E Bléck an d'Vergaangenheet, an d'Aktualitéit an op d'Zukunft vum Kultursecteur zu Lëtzebuerg mam Direkter vum Mierscher Kulturhaus a President vun der Theaterfederatioun.

Dossieren

  • Kulturjoer Esch2022

    Esch, zesumme mat anere ProSud-Gemengen a franséische Grenzgemengen, ass 2022 europäesch Kulturhaaptstad. An eisem Dossier fannt Dir alles iwwer d'Hannergrënn an d'Projeten, déi fir d'Kulturjoer entstoe wäerten.

  • Déi eeleft Editioun vum LuxFilmFest

    Trotz Pandemie gëtt de Luxembourg City Filmfestival organiséiert. Déi 11. Editioun (4.-14. Mäerz) kritt dëst Joer awer eng liicht aner Nues: Filmer ginn deels am Kino deels online gewisen.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen