
Provënzliteratur oder Literaturprovënz?
Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteure sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg. Wat zeechent déi aus? Wéi schlecht ass se wierklech?
Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteure sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg. Wat zeechent déi aus? Wéi schlecht ass se wierklech?
Am "Dalí vs Picasso" liwwert de Spuenier Fernando Arrabal eng ganz perséinlech Interpretatioun vum Liewen a Wierke vu sengen zwee Landsleit. D'Charlotte Wirth war beim Exzentriker zu Nanzeg.
No 11 Wochen huet de Casino Lëtzebuerg seng Dieren nees opgemaach. Gläichzäiteg gouf den 20. Gebuertsdag gefeiert. De radio 100,7 war live dobäi. Hei ass d'Emissioun nach eng Kéier integral.
"Sozial Medien an hiren Impakt op Zäit a Kultur" ass d’Thema vum 100,7 Radio-Präis 2016. Dat bescht Hörspill-Manuskript kritt 3500 Euro. De Concours ass op fir all Auteuren aus der Groussregioun.
Wéinst sengen Aussoe par Rapport zur Flüchtlingspolitik steet de Rüdiger Safranski an der Kritik. De Philosoph, Literaturkritiker an Auteur kënnt awer op Lëtzebuerg iwwer d'Zäit ze schwätzen.
D'Sophie Jung ass déi éischt Laureatin vum neie LEAP-Prize. Zesumme mat den aner dräi Finaliste Justine Blau, Julien Grossmann a Vera Kox stellt si och hir Wierker de Moment an de Rotonden aus. Een Abléck.
De Chantier ass fäerdeg, de Casino an der Ënneschtgaass mécht seng Diere rëm op. Inhaltlech bleift de Forum d'art contemporain senger Linn trei, mee bannent dem Gebai ass méi wéi een Tapéitewiessel geschitt.
Deen haut 102 Joer ale Boris Pahor huet sech fir déi slowenesch Minoritéit an Italien, a géint Faschismus, Nazismus a Kommunismus agesat.
D'Marie von Ebner-Eschenbach war eng vun de bedeitendsten Schrëftstellerinnen vum 19. Joerhonnert. Mee Unerkennung fir hir Stécker an Aphorismen huet si réischt spéit kritt – well si eng Fra war.
Vum klenge Fait divers bis zum grousse Schauprozess: Si Geschichten, déi d’Liewe schreift, déi bescht Virlage fir de kommerzielle Kino. Bis haut entstinn dorauser déi erfollegräichsten Dréibicher.
De radio 100,7 offréiert eng Plaz fir en/eng Chef/Cheffin vum Déngscht - Vollzäit oder Deelzäit
Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?
Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen