Kultur

Emil Marx.jpg
Buchbespriechung

Den Henri Wehenkel huet eng nei Monographie iwwert de "Buchhändler, Journalist, SchriftstellerEmil Marx (1899-1964) erausginn. Een opschlossräiche Portrait, och vun der Lëtzebuerger Gesellschaft.

Clement Bertemes.jpg
Buchpublikatioun

Dat neit Buch vum Fotograf Raymond Clement a vum Publizist Paul Bertemes funktionéiert op villen Niveauen: Als Beau Livre, als Fachpublikatioun an als Témoignage vu perséinleche Stëmmungen.

1024px-Imre_Kertész_(1929-)_Hungarian_writer_by_Csaba_Segesvári.jpg
Literatur

Ee vun de grousse Vertrieder vun der Shoah-Literatur ass op dësem Donneschdeg am Alter vu 86 Joer gestuerwen. De Kertesz ass den Auteur vun "Etre sans Destin / Roman eines Schicksallosen".

GetFileAttachment.jpg
Syrien

D'Terrormiliz "Islamesche Staat" gouf de 27. Mäerz aus der historescher Stad Palmyra verdriwwen. Wierklech een "Enn vum Kultur-Terror"?, freet d'Valerija Berdi an engem Meenungsbäitrag.

labo.jpg
Lëtzebuerger Literatur

Véier rezent Wierker vu Lëtzebuerger Auteure sinn den Ophänkert fir en Echange iwwert d'Literatur vun an zu Lëtzebuerg. Wat zeechent déi aus? Wéi schlecht ass se wierklech?

 

picasso vs dali 1.JPG
Theater

Am "Dalí vs Picasso" liwwert de Spuenier Fernando Arrabal eng ganz perséinlech Interpretatioun vum Liewen a Wierke vu sengen zwee Landsleit. D'Charlotte Wirth war beim Exzentriker zu Nanzeg.

Casino-4.JPG
Géigewaartskonscht

No 11 Wochen huet de Casino Lëtzebuerg seng Dieren nees opgemaach. Gläichzäiteg gouf den 20. Gebuertsdag gefeiert. De radio 100,7 war live dobäi. Hei ass d'Emissioun nach eng Kéier integral.

Radiopräis
Appel un Auteuren

"Sozial Medien an hiren Impakt op Zäit a Kultur" ass d’Thema vum 100,7 Radio-Präis 2016. Dat bescht Hörspill-Manuskript kritt 3500 Euro. De Concours ass op fir all Auteuren aus der Groussregioun.

Rüdiger Safranski, 2009
Rüdiger Safranski

Wéinst sengen Aussoe par Rapport zur Flüchtlingspolitik steet de Rüdiger Safranski an der Kritik. De Philosoph, Literaturkritiker an Auteur kënnt awer op Lëtzebuerg iwwer d'Zäit ze schwätzen.

Sophie Jung ©Sven Becker.jpg
LEAP-Prize

D'Sophie Jung ass déi éischt Laureatin vum neie LEAP-Prize. Zesumme mat den aner dräi Finaliste Justine Blau, Julien Grossmann a Vera Kox stellt si och hir Wierker de Moment an de Rotonden aus. Een Abléck.

Programm

  • Noriichten

  • On air

    Popfilter

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Den Nomëtteg

Dossieren

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

  • Gemengewalen 2023

    Den 11. Juni gëtt an de verschiddene Gemenge vum Land en neie Gemengerot gewielt. Wéi eng Sujete dominéieren d'Wal a wéi verleeft de Walkampf an de vereenzelte Gemengen?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen