Kultur

02_a_Dune.Ode.jpg
Ausstellung

Wéi entstinn d’Manuskripter an d’Typoskripter vu Lëtzebuerger Auteuren? D'Ausstellung “Korrekturspuren – Textmetamorphosen” am Mierscher Literaturhaus verzielt d’Geschicht hannert de Geschichten.

cirque du soleil desmarais.jpg
Cirque du soleil

D’Dänzerin Sylvia Camarda war zwee Joer mam Cirque du soleil op Tour. En Dram ass Realitéit ginn, an et ass och kloer ginn, wéi haart den Alldag do ass. An awer géif si eng Show vum Zirkus ëmmer rëm kucke goen.

bigstock-Eyes-and-mouth-91115969.jpg Meenung
Kulturchronik

Mir ginn ëmmer méi obsedéiert vu Biller. D'Danièle Wecker retracéiert dëse strukturelle Wandel a kënnt zur Konklusioun, datt mir d'Welt haut als Bild wouerhuelen. An datt mir d'Bild als méi reell ugesinn.

steve-jobs.jpg
Kino

"Steve Jobs" ass kee klassesche Biopic. Den Apple-Guru gëtt vum Danny Boyle an Aaron Sorkin entmystifizéiert. Am Film gi Parallelen zwëschent senger Psyche a senger Visioun vum Computer däitlech.

jas.jpg
Graphic Novel

Et gëtt en, den Éisleker Poltergeescht. Inspiréiert vun de Geschichten aus de Seeche vum Nicolas Gredt hun de Jean-Louis Schlesser an de Marc Angel lo aus dem "Jas" eng Graphic Novel gemaach.

charlotte rampling bigstock.jpg
Kino

D'Charlotte Rampling kritt dëse Mount 70 Joer. A kritt domat eng kleng Retrospektive an der Stater Cinemathèque. Si ass eng Ikone vum europäesche Film  – ëmmer e bëssen apaart, geheimnisvoll, eng Klass fir sech. 

1421335762__mg_9714klein.jpg
Theater

Am Theater vu Münster dréint ee Stéck sech ëm de nationalsozialisteschen Ënnergrond NSU. De Regisseur Tugsal Mogul seet, Däitschland hätt sech net mat den Affer identifizéiert.

Jean Back.jpg
Jean Back

Hie war responsabel fir déi grouss Edward Steichen-Ausstellungen an huet de CNA an den digitalen Zäitalter gefouert. Elo geet de Jean Back an d'Pensioun. An huet méi Zäit fir Bicher ze schreiwen.

Le voyage
Theater

Sechs Clowne maachen eng Croisière mat allen emotionalen Héichten an Déiften. "Le Voyage" ass eng Geschicht, erzielt vun der Eva Paulin. D'Clowne sinn awer normalerweis net um Schëff, mee am Spidol.

Response.jpg
Miltgen am Neimënster

Wat huet d'Botzfra vum Neimënster mat Surfen ze doen? De Kënschtler Franck Miltgen sicht den Dialog. Op Plazen, déi Géigesätz, Spannung an Dynamik a sech droen. Wee sech Zäit hëlt, gëtt méi gewuer.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen