
Geschichten aus der Zell Nummer 252
Am Sträit hat de Verlaine säin Amant Rimbaud ugeschoss. L’Affaire de Bruxelles gëtt de Fait divers genannt. Duerno souz hien zwee Joer zu Mons am Prisong, an der Zell mat der Nummer 252.
Am Sträit hat de Verlaine säin Amant Rimbaud ugeschoss. L’Affaire de Bruxelles gëtt de Fait divers genannt. Duerno souz hien zwee Joer zu Mons am Prisong, an der Zell mat der Nummer 252.
De Weekend vum 12. an 13. Dezember geet d'Kulturjoer 2015 zu Mons feierlech op en Enn – ouni Angscht. D'Ausstellung "Adolescence: la fabrique des héros" bleift och iwwer d'Kulturjoer eraus kuckeswäert.
Op den éischte Bléck gesi si aus wéi Männer. Wann ee genee kuckt mierkt een, datt et Frae sinn. An den nordalbanesche Bierger liewe '"Sworn virigins". Den Neimënster weist hir Geschicht an enger Expo.
Den legendären Tanztheater Wuppertal ass zu Lëtzebuerg fir dem Pina Bausch säi Wierk "Masurca Fogo" opzeféieren. Et ass eng Hommage un déi grouss Choreographin, déi 2008 gestuerwen ass.
Am Joer 2000 ass aus dem ale Schluechthaus zu Gréiwemaacher e Centre culturel ginn: De Kulturhuef. Bis haut danzt d'Haus mat sengem Konzept aus der Rei. E Réckbléck op 15 Joer mat Héichten an Déiften.
De Reseau vun den ëffentleche Bibliothéike stellt méi wéi 78.000 elektronesch Bicher zur Verfügung. Iwwer de Site ebooks.lu kënne se gratis erofgeluede ginn. Wéi fonctionnéiert dat?
"Europa Quo vadis" war d'Thema vun de Walfer Bicherdeeg 2015. Mee firwat geet dat Lëtzebuerger Buch net iwwer d'Grenzen an Europa, freet d'Nathalie Bender.
Déi fënneft Konschtbiennale vun Athen beweist, datt och ënner schwierege Konditiounen d'Kreativitéit weider blitt. Gläichzäiteg gëtt ganz oppen mat der aktueller Situatioun am Land emgaang.
Den 20. November goufen de Max Pinckers mam "Edward Steichen Award", an de Jeff Weber mam "Edward Steichen Luxembourg Resident in New York Award" ausgezeechent.
De Robert-Schuman-Konschtpräis geet dëst Joer un d'Gaby Peters. D'Installatioune vun der Tréierer Kënschtlerin beschäftege sech mat den Absurditéite vun der zäitgenëssescher Liewenswelt.
Nieft der aktueller sanitärer Kris ginn et aner Krisen, déi d'Liewen op dësem Planéit veränneren a weider verännere wäerten: De Klimawandel an d'Aartestierwen. Och Ëmweltschützer bréngen et net fäerdeg, e séiert Ëmdenken ze bewierken. Firwat? Ënner anerem doriwwer schwätze mer mat der Mouveco-Presidentin.
De CinEast-Festival weist eng Selektioun vu mëttel- an osteuropäesche Filmer. Déi 13. Editioun ass wéinst der Covid-Pandemie eng hybrid: d'Filmer gi souwuel um groussen Ecran wéi och online gewisen.
D'Publikatioun PM 19 10 huet d'Valerija Berdi inspiréiert fir déi akustesch Athmospär fir d'Buch ze liwweren. Hatt huet sech dofir op de Wee gemaacht an eng ganz Rei Andréck bei Autorinnen an Auteuren doheem akustesch agefaangen.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen