
"Ce que nous sommes": Wann Utopie Dystopie gëtt
Just e Gehier an engem Tank? A "Ce que nous sommes" féiert eis de Zep an Welt, an där d'Mënsche permanent mat engem Computer verbonne sinn an a virtuelle Realitéite liewe kënnen.
Just e Gehier an engem Tank? A "Ce que nous sommes" féiert eis de Zep an Welt, an där d'Mënsche permanent mat engem Computer verbonne sinn an a virtuelle Realitéite liewe kënnen.
A "Patchwork" gëtt sech d'Fro gestallt no der eegener Identitéit, an dono, wat jiddwereen, egal, vu wou e kënnt, zum Zesummesinn ka bäidroen.
E Portrait vum éischte Lëtzebuerger Deputéierte Jean Schortgen a Form vu Graphic Novel: "Schortgen. En Eisefrësser an der Chamber" (Editions Guy Binsfeld/Gemeng Käl-Téiteng) vum Duo Meder/Angel.
Mat "Shoot the Cameraman" wërft d'Compagnie AWA d'Fro op, wat geschitt, wann mir eis op dat verloossen, wat d'Biller eis weisen.
De Klassiker inspiréiert sech um Liewe vum bekannte kriminellen Al Capone a gëllt als Prototyp vum amerikanesche Gangsterfilm.
Mat sengem Theaterstéck "Le retour de Lucienne Jourdain" knäppt den Tullio Forgiarini u seng "Ballade de Lucienne Joudain" un, a wéi eng "Enquête Forgiarinienne" geféiert gëtt, kann een am Théâtre Ouvert Luxembourg entdecken.
Wéi deemools d'Fortis an d'Dexia gerett goufen: Mat hirem Documentaire "Crise et chuchotements" bréngen de Jossy Mayor a Laurent Moyse keng nei Fakten an ecartéiere wichteg Froen. Eng opgewiermten Zëppchen.
Fir hir Expo an der "Galerie39" huet d'Kënschtlerin Sandrine Ronvaux déi literaresch DNA vu sechs Lëtzebuerger Autor:inne mat Hëllef vu Pyrographik op Holz iwwersat.
Den Horror lauert an der Industriezon: An hirer zweeter BD erzielt d'Elizabeth Holleville vun dräi Teenageren, déi komesche Virfäll an enger klenger elsässescher Industriestad noginn.
D'Compagnie "Cognitive Overload" ënnersicht an hirem Work in progress "Big Bang" d'Fro, wéi mir eis déi ganz fundamental Froe vun eiser Realitéit op der Welt kënne stellen. Wat d'Choreographe bei hirer Aarbecht erausfonnt hunn, hunn si d'lescht Woch an der Banannefabrik virgestallt.
Vum 28.-29. Mee ass den BEAUTIFUL DECAY Festival am Gréiweschlass zu Käerch. De radio 100,7 ass e Samschdeg den 28.05. live sur place.
Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.
De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.
De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.
Weider liesen