Aktualitéit

100,7-Informatiounen no wëll de Luc Frieden de Mëtteg seng Demissioun als CSV-Deputéierte bekannt ginn. Éischt Kandidatin am Wahlbezierk Zentrum fir op de Krautmaart nozeréckelen, ass d’Tessy Scholtes.

Beim presuméierten Djihadist handelt et sech em den David de Angelis. De belsche Staatsbierger soll an Europa radikal-islamesch Kämpfer rekrutéiert hunn. Donieft soll hie sech em d’Finanzéierung vun de Kämpf a Syrien, Irak a Mali bekëmmert hunn.

ICT- a Bildungsexpert'en iwwert d'Erausfuerderungen un d'Schoul am Beräich nei Technologien an dem Ëmgang domadder. D'Emissioun Riicht Eraus an zousätzlech Interviewen zum Thema.

De Bommeleeërprozess gëtt wéi erwaart bis op Weideres ausgesat, dat bis d’Enquêten ofgeschloss sinn iwwert déi 6 fréier Gendarmen, déi de Parquet wëll ukloen.

Net verpassen

Programm

Dossieren

  • Alles iwwer de Podcast Schlechte Schüler

    An eisem Dossier fannt dir sämtlech Episode vun eisem Podcast Schlechte Schüler, Interviewe mat Schoulexperten an déi komplett Transkripter vun den eenzelnen Episoden.

  • Chamberwalen 2023

    Den 8. Oktober gëtt zu Lëtzebuerg en neit Parlament gewielt. Kann d'Dräierkoalitioun vun der DP, LSAP an déi gréng weider d'Regierung stellen, oder gëtt et ee Regierungswiessel?

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen