Aktualitéit

D'Partei fir Integral Demokratie vum Jean Colombera huet de Moien hire Walprogramm zu Réimech op engem Schëff presentéiert. D'Partei wëll e radikale Systemwiessel. D'Politik dierft net méi vun de Sue bestëmmt ginn, mee vum Wuel-Ergoe vun de Leit. De Parlamentarismus wëll d’PID esou reforméieren, datt d'Ministerposte proportional zum Walresultat verdeelt ginn. Als Wahlzil sot de Jean Colombera, ee Sëtz wier eng Sensatioun, et géing een de politeschen Engagement net kuerz-, mee laangfristeg gesinn.

“Éierlech, sozial, lëtzebuergesch” datt ass de Slogan vun der ADR an de roude Fuedem am 200 Säiten décke Programm dee gëschter Owend presentéiert ginn ass.

Wéi positionnéiere d’Parteien sech par rapport zu den europapoliteschen Erausfuerderungen?

Logement a Landesplanung fehlen an der politescher Debatt, heescht et an engem 100,7-Kommentar

Wat fir eng Conclusiounen zéihen d'Parteien aus de rezenten Affairen a wéi eng institutionell Reformen gi proposéiert?

Net verpassen

Dossieren

  • Hëtzt & Dréchent

    2022 ass bis elo vun héijen Temperaturen an extreemer Dréchent markéiert. Wéi eng Impakter huet dat op Mënsch an Ëmwelt?

  • Saint-Malo: "Étonnnants Voyageurs"

    Saint-Malo ass déi Plaz, wou déi sougenannt ''littérature-monde'' gefeiert gëtt. Den 100,7 war bei der leschter Editioun vum Festival Étonnants Voyageurs am Juni dobäi.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen