Aktualitéit

D'Gewerkschaften hunn an de leschte Wochen e Réckzéier gemaach a sech nees vun engem Kompromëss mam Ministere distanzéiert. An engem Echange tëscht enger Gewerkschaft an dem Ministere, deen eis virläit, begrënnt d'Gewerkschaft dat domat datt d'Basis si dozou gezwongen hätt.

Op hirer Summerakademie am Oktober kruten d’Sozialiste vun hirer Fondation Robert Krieps e Pabeier iwwert d’Kris an der Partei virgeluegt. Et liest een do, d’Ministere géifen dacks esou eriwwer kommen, dass se just un hirer Fotell pechen. An d’Strukture vun der Partei wiere verkomm.

1500 Enseignanten hunn aus Protest géint d'Spuerpläng vun der Regierung eng Demande op Demissioun aus den Examenskommissiounen agereecht. Mat Konzessioune vum Educatiounsminister ass awer kaum ze rechnen.

De Mamer Député-Maire Gilles Roth an den Inneminister Dan Kersch hunn e Freideg e Rendez-Vous fir iwwert den annulléierte Generelle Bebauungsplang (PAG) vun der Gemeng Mamer ze diskutéieren

D’lëtzebuerger Theaterfederatioun an de Reseau vun de regionale Kulturhaiser hunn sech mat engem oppene Bréif un d'Kulturministesch adresséiert, well déi nei Konventiounen nach ëmmer net prett sinn

Net verpassen

  • Rapport d'activités 2021

    Banner.jpg

    De Rapport d'activités 2021 vum radio 100,7 ass verëffentlecht ginn. E gëtt en Abléck an d'Aktivitéite vun de verschiddene Servicer a Redaktiounen am leschte Joer.

Programm

  • Panorama

  • On air

    Iwwer Mëtteg vun 11 bis 2

  • Noriichten

  • Resonanzen

  • Am Nomëtteg vun 3 bis 6

Dossieren

  • Dossier: Relatiounen tëscht Portugal a Lëtzebuerg

    Haut ass et den zweeten a leschten Dag vun der Staatsvisitt a Portugal. Eng grouss Lëtzebuerger Delegatioun ass den Ament zu Lissabon. An eisem Dossier fannt dir all eis Bäiträg an Artikelen iwwer d'Theema.

  • De Krich an der Ukrain

    De 24. Februar 2022 huet Russland d'Ukrain militäresch iwwerfall. Déi westlech Länner hu mat Sanktioune reagéiert, Millioune vu Leit sinn aus der Ukrain geflücht.

Iwwert eis

De radio 100,7 ass deen eenzegen ëffentlech-rechtleche Radio zu Lëtzebuerg. E proposéiert Programmer op Lëtzebuergesch mat engem Fokus op Informatioun, Kultur, Divertissement a mat Akzent op d’klassesch Musek.

Weider liesen